"Free Britney"Papp vum Britney Spears wëll als Tuteur zerécktrieden

RTL Lëtzebuerg
Zënter 2008 steet d'Popsängerin ënnert der Tutelle vu sengem Papp Jamie Spears. Elo ass en Enn a Siicht, d'Fans dierft et freeën.
© VALERIE MACON / AFP

Deemno soll de Papp eng Récktrëttserkläerung beim zoustännege Geriicht zu Los Angeles agereecht hunn, heescht et säitens den US-Medien. Den Affekot vum Jamie Spears betount, dass dës Decisioun ënnert anerem wéinst dem ëffentleche Sträit vun deenen 2 geholl gouf.

Den Affekot vum Britney Spears Mathew Rosengart schwätzt vun engem grousse Succès a betount, dass een elo wéilt juristesch préiwen, op sech de Papp vum Superstar an de leschte Joren onrechtméisseg um Verméige vu sengem Meedche beräichert huet.

© Patrick T. FALLON / AFP

Den Affekot vum Jamie Spears argumentéiert, dass hien am beschten Interessi vu sengem Meedchen agéiert huet. An den Ënnerlage vu Geriicht géif och stoen, dass et eigentlech kee Grond gëtt, fir sech aus der Tutelle zeréckzezéien, ma de Papp wéilt de Sträit awer, dee schonn eskaléiert ass, net och nach weider en public ausdroen.

Zënter 2008 steet d’Spears jo ënnert der Tutelle vu sengem Papp, dat nodeems et wéinst privaten a beruffleche Problemer zesummegebrach war.

Back to Top
CIM LOGO