An de leschte Folge vun dëser Serie hu mer virun allem driwwer geschwat, wéi een de Permakultur-Design am Gaart uwende kann.

Serie Permakultur (4): Äerdschëff/ Rep. Julie Mathes

Permakultur geet awer méi wäit an huet och aner Beräicher inspiréiert. Ee vun dëse Beräicher ass d'Konstruktioun.

D'Äerdschëff zu Réiden ass een Exempel, wéi nohalteg Bauen an d'Ethik vun der Permakultur an d'Praxis ëmgesat kënne ginn. Fir dëst Off-Grid-Gebai ze realiséieren, ass sech souwuel am Bau wéi och an der Organisatioun un de Prinzippie vun der Permakultur orientéiert ginn, erkläert d'Katy Fox, Grënnerin vum CELL a Co-Fondatrice vum Äerdschëff.

"Wann ee Permakultur-Design mécht, soll ee wierklech vill Prinzippien integréieren. Hei ass zum Beispill déi Saach mam Offall ee groussen Aspekt gewiescht. Dat heescht, dass mer keen Offall produzéieren. Et ass alles esou gebaut, dass mer et erëm kënnen ausernee bauen. An da sou Saachen, wéi nohalteg Ressourcen ze benotzen, anstatt ëmmer chemesch Léisungen oder héich technesch Léisungen ze notzen. Mir brauchen zum Beispill natierlech Materialie wéi Leem. An dann hu mer eben och Diversitéit. Fir eis war immens wichteg, all déi Volontairen ze hunn, déi matgebaut hunn. Et war hir Diversitéit, déi de Projet am Fong esou räich gemaach huet. An dann och vum Design hier, dass mer vum Muster ausgaange sinn an duerno d'Detailer gemaach hunn. Dat sinn zum Beispill e puer Prinzippien."

D'Katy Fox mengt net, dass d'Äerdschëff a senger Form sech zu Lëtzebuerg ausbreede kann, well et awer ee grousse Foussofdrock um Buedem huet. Ma de Projet inspiréiert awer de Bausecteur, fir méi ëmweltfrëndlech Materialien a Methoden anzesetzen.

"Do hu verschidden Entreprisë vum Bausecteur sech schonn inspiréiert, wou mir verschidden Technike gewisen hunn an erkläert, wéi een domat ka schaffen. Zum Beispill, wéi een eng Stampflehmmauer ka maachen, fir do e bëssen déi Obstakelen ze iwwerwannen. Et ass wéi an all Industrie. Et mécht een dat einfach esou, well een dat geléiert huet an et ass net onbedéngt zäitgeméiss. Do geet et dann einfach drëm, déi Resistenzen e bëssen ofzebauen an ze kucken, wéi een dat vun engem Fachmann da léiert."

D'Zil vum Äerdschëff ass also virun allem, ze inspiréieren a Jonker d'Méiglechkeet ze ginn, iwwer Permakultur, nohalteg Bauen an aner zukunftsträchteg Solutiounen ze léieren.

"Mir hunn am Moment eng ganz Offer entwéckelt fir Enseignanten, déi mat hire Klasse wëlle kommen. Dat ass ab 15 Joer, wou mer dann déi verschidde Saache behandelen, déi hei am Äerdschëff Thema sinn. Zum Beispill Waasser a Materialien awer och Ekonomie. Mir schaffe vill mam Donut Economics Model. An dann hu mer och formation continue fir Enseignanten a mir maache Partnerschaften mat verschiddene Schoulen, wou da reegelméisseg eng Klass iwwert d'ganzt Joer kënnt an eis praktesch ënnerstëtzt, awer och kuckt, wéi si sech kënne kreativ abréngen. An da maache mer e puer Grand-public-Saachen. Ënner anerem hu mer elo am November eng Waldgarten-Veranstaltung, wou mer dann och baussen ee Waldgarten uleeën."

Ee Projet, deen also net nëmmen an der Konstruktioun an am Design d'Prinzippie vun der Permakultur integréiert huet, mee och a senger Funktioun als edukativen Zenter dës Prinzippie verdéift a weider vermëttelt.

Weider Informatiounen iwwert de Projet fannt Dir hei.

D'Serie am Iwwerbléck: