Am Live! waren e Freideg den Owend dräi Invitéen: De Museker Andrea Galleti, den LOD-Direkter Luc Marteling an de Marc Hermes.

Den Andrea Galleti mécht zanter Klengem Musek, a mat e puer Museker-Kolleege war elo de richtege Moment fir als "One Last Time Band" zesummenzeschaffen. Zanter 1999 steet hien op der Bün, säi groussen Duerchbroch war 2009 am Atelier bei engem Concert vum Daniel Powter, dann déi spannend Zäit mat "Diario", säi musikalesche Projet A-Drew fir seng 20 Joer Karriär an elo huet den Andrea zesumme mat 3 Frënn "One Last Time" forméiert. Alternative Pop-Rock gemëscht mat Synthesizer Elementer, an déi éischt Single heescht "A perfect day to be happy".

RTL
RTL

De Luc Marteling, Direkter vum "Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch" diktéiert dëst Joer eng éischte Kéier op de Walfer Bicherdeeg. Hien hëlt domadder d'Relève vum Jemp Schuster bei der RTL Dictée. Fir den 150. Anniversaire vun der éischter Publikatioun vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk 'Reenert' hunn de SCRIPT an den ZLS zesummen eng nei Schouleditioun opgeluecht. An "Zwackert, berdank" heescht dat nei Buch vum ZLS mat 89 fuussege Wierder aus dem Reenert. Do stinn deemno Versen aus dem Reenert dran, wou al Lëtzebuergesch Wierder dra virkommen an déi ginn dann erkläert.

Um Freideg vu 14 Auer un am Livestream op RTL.lu: E Colloque ronderëm de „Reenert“ am Livestream!

RTL
RTL

Mat 2.060.211€ huet Lëtzebuerg dëst Joer beim Télévie en neie Rekord opgestallt. Fläisseg matgeschafft hunn dorunner Téléviezentere vun Diddeleng, Mäerzeg an Nidderaanwen. Elo kommen déi nei Zenteren an den Asaz, déi nieft dem permanente Zenter Rodange hier Aarbecht ophuelen. Fir 2023 sinn dat d'Gemenge Schëtter an Déifferdeng, déi sech vill flott Aktivitéiten afale loossen. Fir déi feierlech Stëmmung ass "Generation Gospel Luxembourg" am Studio a mir léieren de Marc Hermes kennen, deen 2018 d'Diagnos Kriibs krut, an am Spidol d'Mandy Krier begéint huet. Et gouf en Happy End fir de Marc, an dëst Joer sinn déi zwee Prënz a Prinzessin beim KaGePe an der Péitenger Fuesent.

RTL