Eng ganz Rëtsch Experte beliichten ënnerschiddlech Facettë vum satiresche Meeschterwierk, dat viru genee 150 Joer erauskomm ass.

De Reenert steet am Mëttelpunkt vun engem Colloque e Freideg, den 18. November vu 14:00 bis 18:00 Auer um Site vum eduPôle zu Walfer (28, Route de Diekirch, Gebai VIII, dat ass hannert dem lénke Fligel vum Schlass, wann ee vu vir drop kuckt, am Sall Nummer B08-E00-005). De Colloque gëtt organiséiert vum SCRIPT a vum ZLS, an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch an am Kader vun de Walfer Bicherdeeg.

Et kommen eng Partie Experten zu Wuert, déi zum Beispill op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum Reenert, de Reenert am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire vum Eepos, déi englesch Iwwersetzung dovun an op d’Illustratioun vun der neier Editioun aginn.
De Colloque ass op Lëtzebuergesch a gëtt live iwwerdroen op RTL.lu. D’Participatioun ass gratis, eng Umeldung ass erwënscht iwwer Mail op lux@men.lu. (Enseignanten an Enseignanteë fannen de Colloque och am Katalog vum Ifen.)

Programm vum Reenert-Colloque: 

14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber
14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum Reenert-Projet, situéiert de Reenert an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht
14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange
15:05 Auer: Den historesche Background vum Reenert – Mohamed Hamdi, Historiker
15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie Reenert – Mia Kinsch, Graphic Designer
16:15 Auer: De Vocabulaire am Reenert – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS
16:50 Auer: De Reenert am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist
17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum Reenert op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung
18:00 Auer: Ofschloss a Patt