A hirer "Kleederstuff" zu Lëllgen fanne Leit, déi aus der Ukrain geflücht sinn, Kleeder, Accessoiren an een oppent Ouer.

Mat Hëllef vun hiren Elteren an enger Nopesch gëtt déi kleng Stuff erhalen. All Samschdeg sti Benevollen am Gemengeraum an empfänken ukrainesch Flüchtlingen aus dem ganze Land.

D'Monique Milbert war wéinst hirem Projet als Kandidatin fir d'Lëtzebuergerin vum Joer nominéiert ginn. Fir déi 1. Plaz ass et leider net duergaangen.