Kandidat Lëtzebuerger vum JoerMat sengem Leederwon hëlleft de Peter Aendekerk schwéierst behënnerte Leit

Rosa Clemente
An Holland huet de Landwirt viru Joren e Projet entdeckt, dee säi Liewe gepräägt huet.
Lëtzebuerger vum Joer: Peter Aendekerk
Mat sengem Leederwon hëlleft de Peter Aendekerk schwéierst behënnerte Leit.

D’ASBL Leederwon gëtt et zanter 2008 hei zu Lëtzebuerg – fir genee ze sinn zu Betzder. Geleet gëtt de Projet vum Peter Aendekerk. Zesumme mam Monique Back, Educatrice en Formatioun a Päerdstrainerin, bidde si eng “Fräizäitbeschäftegung mat therapeutescher Wierkung” un. Konkret geet et hei ëm eng ganz besonnesch Päerdskutsch – de Leederwon. Op dësem kënne Leit mat schwéierem Handicap souzesoe reiden. Dëst Aktivitéit bréngt de Betraffener eng Rei kierperlech Beneficer, ma et ass virun allem déi séilesch Zefriddenheet an d’Laachen am Gesiicht vun de Leit, déi de Peter all Dag motivéieren, d’Associatioun weiderzedreiwen.

Op Grond vu sengem Projet gouf de Peter Aendekerk fir de Voting vum Lëtzebuerger vum Joer nominéiert. Fir déi 1. Plaz ass et leider net duergaangen.

RTL News: Hei de Verdikt vun den RTL.lu-User: D’Karen van Hout an den Dr. Bernard Thill sinn Är Lëtzebuerger 2022!
RTL News: Kandidatin Lëtzebuergerin vum Joer: Zanter Mäerz sammelt d’Monique Milbert Kleeder fir ukrainesch Flüchtlingen
RTL News: Lëtzebuerger vum Joer 2022 - Dr. Bernard Thill: “Si si Mënsche wéi mir a mussen och esou behandelt ginn”
RTL News: Lëtzebuergerin vum Joer 2022 - Karen van Hout: “Et ass eng Éier, enger Persoun op senge leschten Deeg eng Freed ze maachen”

Back to Top
CIM LOGO