Mat hirer Associatioun Ambulanz-Wonsch erfëllt d'Karen van Hout onheelbar kranke Leit e leschte Wonsch.

Eng lescht Kéier d'Mier gesinn, e Concert besichen oder bei der Hochzäit vu sengem Kand derbäi sinn. Amenter, déi fir onheelbarkrank Leit dacks schwéier ze verwierkleche sinn. An esou Fäll hëlleft hei am Land ënnert anerem d'Associatioun Ambulanz Wonsch. Déi gebierteg Hollännerin Karen van Hout ass d'Grënnerin dovun an zejoert ass si als Lëtzebuergerin vum Joer 2022 ernannt ginn.