Hei de Verdikt vun den RTL.lu-UserD'Karen van Hout an den Dr. Bernard Thill sinn Är Lëtzebuerger 2022!

RTL Lëtzebuerg
Honoréiert ginn de Projet "Ambulanz-Wonsch" an een Dokter an der Pensioun fir säin Engagement bei "Médecins du Monde".
Karen van Hout an Dr. Bernard Thill si Lëtzebuerger 2022
Honoréiert ginn de Projet “Ambulanz-Wonsch” an een Dokter an der Pensioun fir säin Engagement bei “Médecins du Monde”.

Nees en aussergewéinlecht Joer mat engem genee sou aussergewéinleche Resultat:

D’Lieser vun RTL.lu hu gewielt.

Dat esou gutt an der Kategorie “Lëtzebuergerin vum Joer” wéi beim “Lëtzebuerger vum Joer”.

Dir hutt deemno decidéiert, fir no 2020 an 2021 och dëst Joer nees de Gesondheetssecteur auszezeechnen.

1 bis maximal 7 Punkte ware pro Kandidat ze verginn.

D’Karen van Hout krut am Duerchschnëtt 4,457 Punkte pro User.

D’Karen van Hout ass Lëtzebuergerin vum Joer 2022
Doudkranke Mënschen e leschte Wonsch erfëllen: Dat huet sech d‘Karen van Hout zur Beruffung gemaach.

Doudkranke Mënschen e leschte Wonsch erfëllen: Dat huet sech d’Karen van Hout zur Beruffung gemaach. “Ambulanz Wonsch” heescht hire Projet: mat enger extra ëmgebauter Ambulanz féiert si d’Leit op d’Plage, an de Bësch oder an hiert Heemechtsduerf. Alles an hirer Fräizäit an ouni e Su ze froen.


Den Dr. Bernard Thill krut am Duerchschnëtt 4,515 Punkte pro User.

Den Dr. Bernard Thill ass Lëtzebuerger vum Joer 2022
Elo ass den Dr. Bernard Thill zwar an der Retraite, ma en engagéiert sech weiderhin bei Médecins du Monde Luxembourg.

35 Joer laang huet hie sech als Dokter ëm Patiente mat schwéiere Krankheete gekëmmert. Elo ass den Dr. Bernard Thill zwar an der Retraite, ma en engagéiert sech weiderhi bei Médecins du Monde Luxembourg a këmmert sech ëm Leit ouni Accès op medezinesch Versuergung.

De Voting 2022

6.933 Leit hunn op RTL.lu ofgestëmmt an hir Perséinlechkeete vum vergaangene Joer gewielt.

RTL seet hinne Merci am Numm vu senge User.

Gläichzäiteg soe mir och allen Utilisateure Merci, déi entweder e Kandidat proposéiert hunn an/oder duerno fir deen oder dat anert ofgestëmmt hunn.

Ze gewanne gouf et een iPad vun der 8. Generatioun. De Gewënner gëtt vun eis kontaktéiert.

Wien ass an den Top 5 vum Joer 2022?

Top 5 vun den Dammen

1.Karen van Hout 30902

2. Christiane Passeri 29226

3. Rachel Brixius 29074

4. Ni Xia Lian / Sarah de Nutte 27430

5. Monique Milbert 27391

Top 5 vun den Hären


1. Dr. Bernard Thill 31327

2. David Claerebout 28354

3. Peter Aendekerk 28324

4. Philip Crowther 27908

5. Guy Christen 26033

Wéi konnt ee matmaachen?

6.933 Leit hu bei der Wiel vun der Lëtzebuergerin an dem Lëtzebuerger vum Joer matgemaach, domat bleift d’Ofstëmmung weider populär, och wa si net no statistesch-wëssenschaftleche Krittären duerchgefouert gouf an héchstens representativ fir d’Utilisateure vun RTL.lu ass.

Wie krut bis elo den Titel “Lëtzebuergerin” a “Lëtzebuerger vum Joer”?

2022 D’Karen van Hout an den Dr. Bernard Thill
2021
D’Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur
2020
D’Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur
2019:
Jenny Warling (Karate) a Remy Eiffes (Zaldot)
2018:
Gwen Daufeld (Aarbecht mat Demenzkranken) a Jeff Herr (Wonschkutsch)
2017:
Martine Kohl (Street Angels) an André Bichel (Polizist)
2016
: Nathalie Scheer (ALS-Patientin) a Marcel Steffen (Polizist)
2015
: Yasmine Grisius (Polizistin, posthume Präis) a Jean Asselborn (Ausseminister)
2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend (zweemol e posthume Präis, well déi 2 Mataarbechter vun “Le soleil dans la main” ware bei engem Fligeraccident an Afrika ëm d’Liewe komm)
2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)
2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)
2011: Xavier Bettel (Stater Buergermeeschter)
2010: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2009: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2008: Jean-Claude Juncker (Premier)

Eréischt zanter 2012 ginn d’Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer an zwou getrennten Ofstëmmunge gesicht.

Hei geet et bei all Artikelen

RTL NEWS: Nees mat groussem Virsprong: D’Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur sinn Är Lëtzebuerger 2021!
https://www.rtl.lu/news/national/a/2010852.html

RTL NEWS: D’Leit aus dem Gesondheets- an aus dem Fleegesecteur sinn Är Lëtzebuerger 2020!
https://www.rtl.lu/news/national/a/1637538.html

RTL NEWS: Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger 2019: D’Jenny Warling an de Remy Eiffes goufe vun iech gewielt
https://www.rtl.lu/news/national/a/1449864.html

RTL-News: Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger vum Joer 2018: Gwen Daufeld a Jeff Herr gewielt an ausgezeechent
https://www.rtl.lu/news/national/a/1285691.html

RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2017: Martine Kohl vun de Street Angels a Polizist André Bichel
http://www.rtl.lu/letzebuerg/1112774.html

RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2016: ALS-Patientin Nathalie Scheer a Polizist Marcel Steffen
http://www.rtl.lu/letzebuerg//990806.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2015: Polizistin Yasmine Grisius an Ausseminister Jean Asselborn
http://www.rtl.lu/letzebuerg//749533.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend gewielt
http://www.rtl.lu/lifestyle/people//595450.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2013: Sylvie Conter a Gaston Vogel sinn d’Lëtzebuerger vum Joer
http://www.rtl.lu/lifestyle/people/498429.html

RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2012: Eng Infirmière an e Buschauffer - Eliane Leger a Romain Hilbes
http://www.rtl.lu/letzebuerg/371125.html

RTL-NEWS: Xavier Bettel heescht de “Lëtzebuerger vum Joer 2011"
http://www.rtl.lu/letzebuerg/177199.html

RTL-NEWS: De “Lëtzebuerger vum Joer 2010" heescht Andy Schleck!
http://www.rtl.lu/letzebuerg/90553.html

RTL-NEWS: RTL.LU: Andy Schleck heescht de Lëtzebuerger vum Joer 2009
http://www.rtl.lu/letzebuerg/54111.html

RTL-NEWS: RTL.LU: De Jean-Claude Juncker ass de Lëtzebuerger vum Joer 2008
http://www.rtl.lu/letzebuerg/3758.html

- - - - -

Klengen Appell un eis Commentateuren:

Dat Neit Joer ass jo nach ganz frësch, dofir sech net direkt ewell um 1. Dag 2023 d’Käpp aschloen, ma w.e.g. mat e bësse Respekt a Sensibilitéit op de Vott reagéieren - och wann ee vläicht aus iergendengem Grond selwer enttäuscht ass... Natierlech dierf een eppes gutt oder schlecht fannen, ma d’User hu proposéiert an decidéiert, jidderee konnt do matmaachen... Merci fir Är Kooperatioun an Är Contributioun, datt den Debat friddlech bleift.

An nach eng Kéier ALL GUDDES FIR 2023 :-)

RTL News: Kandidat Lëtzebuerger vum Joer: Mat sengem Leederwon hëlleft de Peter Aendekerk schwéierst behënnerte Leit
RTL News: Kandidatin Lëtzebuergerin vum Joer: Zanter Mäerz sammelt d’Monique Milbert Kleeder fir ukrainesch Flüchtlingen

Back to Top
CIM LOGO