Déi grouss Fro, déi sech beim Handysgebrauch an der Schoul stellt, ass dësen e Stéierfaktor fir d'Schüler oder awer en "Tool" an der Schoul?

Dierf ee Schüler säin Handy mat an d'Schoul huelen? Dierf hien en och an der Schoul benotzen? A wéi ass dat iwwerhaapt gereegelt? Den Handy als Stéierfaktor oder als "Tool" an der Schoul?

D'Schüler vun der 7ième aus dem Lycée Privé Emile Metz musse sech all Dag fir e puer Stonne vun hirem dach esou léifste Géigestand trennen. Dëst ass awer net gesetzlech gereegelt, esou hiren Direkter Pascal Thill. All Schoul oder Lycée geréiert dat op hir Aart a Weis. Esou leet emol am Emile Metz jidderee säin Handy, ier de Cours lass geet, an e Schaf, deen dann och zougespaart gëtt.

An der Paus dierfe se hiren Handy, deen och aus muss sinn, nees aus der Këscht huelen. Fir d’Schüler ass dëst awer kee Problem, ausser hire Proff vergësst nees opzespären, da verléiere se dës Zäit vun hirer Paus an dat fanne se net esou gutt.

Et ass awer elo net esou, dass den Handy oder d'Tablett an de Schoule verbuede sinn. Nee, et ginn jo och Coursen, wou dës Hightech gebraucht gëtt, also gëtt den Handy och als pedagogescht Mëttel agesat. Och Cyber-Mobbing gehéiert zu deenen negativen Aspekter vum Handy an der Schoul. Esou gëtt Preventioun den Ament a praktesch all de Schoulen a Lycéeë weiderhi groussgeschriwwen, esou ginn d’Schüler natierlech op d’Problematik vum Handy opgekläert.

De Message kënnt kloer eriwwer, esou laang d’Schüler déi néideg Ëmgangsformen a kritesch Distanz zu dësen neien technologesche Méiglechkeete bäibruecht kréien, misst dat weiderhi klappen. Eng Verbuetspolitik ass net zilféierend a wier och schwéier ëmzesetzen.