Prozess verluerPrënz Harry an aner Leit, déi geklot haten, mussen 9,5 Millioune Pond bezuelen

AFP
No hirer gescheiterter Klo géint de Boulevardzeitungsverlag ANL, dee si beschëllegt haten, an hirer Recherche onlauter Methoden ze benotzen, mussen de Prënz Harry an aner Prominenter, déi geklot haten, d'Prozesskäschten elo droen.
Nach ihrer gescheiterten Klage gegen den Boulevardzeitungsverlag ANL wegen fragwürdiger Recherchemethoden müssen der britische Prinz Harry und weitere Prominente dem Verlag Prozesskosten in Höhe von mindestens 9,5 Millionen Pfund zurückzahlen.
D'Prozesskäschte belafe sech op op d'mannst 9,5 Millioune Pond - ëmgerechent ronn 11 Milliounen Euro.
© AFP/Archiv

D'Prozesskäschte belafe sech op op d'mannst 9,5 Millioune Pond - ëmgerechent ronn 11 Milliounen Euro. Dat geet aus enger Decisioun vum Geriicht ervir, déi e Freideg publizéiert gouf.

Eng Rei berüümt Persounen haten dem Verlag "Daily Mail" an der "Mail on Sunday" virgeworf, mat Privatdetektive geschafft ze hunn, fir Autoen a Wunnengen ze "verwanzen". Och wieren Telefonsgespréicher illegal ofgelauschtert ginn. Déi Virwërf konnten d'Plaignanten dem Geriicht no awer net genuch beleeën.

Nieft dem Prënz Harry, haten ënnert anerem och de Popstar Elton John a säi Mann David Furnish, genee wéi d'Schauspillerinne Sadie Frost an Elizabeth Hurley geklot.

D'Zomm vu bal 10 Millioune Pond, déi d'Plaignante sollen iwwerhuelen, ass dem Geriicht no allerdéngs just eng virleefeg Zomm. D'Affekote vum Verlag hate gefuerdert, datt d'Géigesäit ee méi groussen Deel vun de Prozesskäschte vun ëmgerechent 45 Milliounen Euro soll iwwerhuelen, wéi normal.

Back to Top
CIM LOGO