Francine Keiser um Catwalk vun der New Yorker Fashion Week
Et ass, wéi wann ech en zweet Liewen géing liewen. Dat sot virun engem knappe Joer d'Francine Keiser an eisem Reportage.
No 30 Joer Affekot huet si decidéiert, en neit Liewen als Moude-Designerin unzefänken. Vill Kreatioune sinn zanterhier ënnert dem Label "Francini_K" entstanen. E puer dovunner sinn dann elo zu New York op der Fashion Week presentéiert ginn. No enger Woch Preparatiounen op der Plaz war e Sonndeg dunn den Defilé mat ënnert anerem der Moud vun der Lëtzebuerger Designerin kombinéiert mat Ouerréng-Kreatiounen vum Lynn Kohl vu Rambazamba. An d'Kreatiounen um Catwalk koume gutt un op der renomméierter Fashion Week. An dofir wäert d'Francine Keiser wuel och nach aner Projeten zu New York op d'Bee stellen. Hir Moud "made in Luxembourg" wäert och geschwënn an der amerikanescher Stad verkaaft ginn. An och soss geet et international virun. Vun Abrëll un sollen dann och zu Paräis d'Kreatiounen vum Francine Keiser verkaaft ginn.
D'Fashion Week zu New York geet nach bis e Mëttwoch. An nieft der Designerin ass hei och den Lëtzebuerger Make-up Artist Luca de Michele hei am Asaz.