An der Fuesvakanz besiche mer Lëtzebuerger, déi an der däitscher Haaptstad eng nei Heemecht fonnt hunn.

Si hunn de Choix getraff, fir an dës lieweg Metropol mat enger laanger Geschicht an enger multikultureller Bevëlkerung ze plënneren. Haut treffe mer de Jeff Mannes, deen aus beruffleche Grënn op Berlin wunne gaangen ass.

D'Thema Sex spillt fir hien eng grouss Roll, an och zu Berlin schéngt sech alles ëm déi schéinsten Niewesaach vun der Welt ze dréinen. Hei organiséiert hien als selbststännege Guide och Touren iwwert d'Geschicht vun der Sexualitéit a setzt sech derfir an dass alleguer d'Mënschen, egal wéi eng Virléiften se hunn, déi nämmlecht Rechter a Fräiheeten hunn.