Hochzäit um Haff: "Eng romantesch Feier fir eng diskret Persoun"

© Jean-Baptiste Verwaerde / RTL
Am Sonndesinterview schwätzt d'Mariette Zenners mam Pierre Dillenburg iwwert eng Hochzäit um Haff, déi ongewéinlech bescheiden opgezunn ass.
Eng "extreem gentile Persoun" iwwer déi net vill an der Ëffentlechkeet gewosst ass, sou beschreift eisen nationalen Adelsexpert d'Prinzessin Alexandra .
De Pierre Dillenburg empfänkt eis fir dëst Gespréich bei sech Doheem, den Interieur do ass alles anescht wéi bescheiden an diskret. Et muss engem net gefalen, mee Stil huet et, dem Dill säi Stil.
"Wat kascht dat dann erëm?"
"Eng ganz Partie hu mir gesot, dass si bedaueren, dass de Mariage religieux net och zu Lëtzebuerg ass", dat beschäftegt de Pierre Dillenburg. "Ech hunn deene gesot, d'Koppel wäert jo hir Grënn hunn, an op der anerer Säit sot ech awer och: Wann et lo heiheem grouss opgezu wier, dann hätten d'Leit erëm gesot 'wat kascht dat dann erëm'?".
Deen e wéineg exzentresche Frënd vun de Monarchien erënnert sech awer och, dass all d'Schwëstere vum Grand-Duc Jean zu Lëtzebuerg bestuet gi sinn – dräi an der Kathedrale an eng Schwëster, d'Marie-Gabrielle, déi lo viru Kuerzem gestuerwen ass, zu Colmer-Bierg.
"Dat war och ganz feierlech mat engem Cortège duerch de Park an d'Kierch vu Colmer, an duerno zréck an d'Schlass, dat wier eng Iddi fir d'Prinzessin Alexandra gewiescht."
Mee d'Zäiten hu geännert: d'Bridder vun der Prinzessin haten och keng grouss Hochzäit an der Kathedral, ausser natierlech den Ierfgroussherzog: de Prënz Louis war 2006 zu Gilsdref bestuet ginn, de Prënz Felix 2013 a Südfrankräich. Déi kierchlech Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra mam Nicolas Bagory ass jo lo nächste Weekend an enger méi klenger Kierch, der Eglise Saint-Trophyme zu Bormes les Mimosas.
"Do gi keng honnerte vu Leit eran, si halen dat méi intim, romantesch"
"Do gi keng honnerte vu Leit eran – dat ass déi Kierch, wou si higinn, wa si an der Vakanz sinn. Ech huelen un, dass si dat Ganzt e wéineg erofgeschrauft hunn", mengt de Pierre Dillenburg, "dat géif bei de Charakter vun der Prinzessin passen".
Dat hätt och näischt domadder ze dinn, dass hiren zukünftege Mann, den Nicolas Bagory, dee jo aus der Bretagne staamt, Lienen do hätt. D'Plaz gouf erausgewielt, well déi groussherzoglech Famill do an der Géigend hir Vakanzeresidenz huet.

Hochzäit, do wou d’Kandheetsvakanzen verbruecht goufen. / © Collections photographiques de la Maison grand-ducale de Luxembourg
"Et passt bei d'Prinzessin Alexandra, si ass eng diskret Persoun, et weess een net vill iwwert si", esou de Pierre Dillenburg, "ech hu si puer Mol begéint, si ass ëmmer extreem gentile, ech hu se erlieft, virun allem, wéi déi grouss Konferenz zu Lëtzebuerg war vun der Grande-Duchesse hirer Aktioun 'stand speak rise up'. Do huet si vill am Hannergrond gehollef a si ass do an de siwenten Himmel gelueft ginn. Mee si ass net vill hei, si ass bal ëmmer zu Paräis an et ass een och ni gewuer ginn, dass si eng Relatioun hätt bis op emol d’Fiançaillen annoncéiert goufen."
Gëtt den Nicolas Bagory Prënz?
Automatesch géif hien net Prënz ginn, mee de Grand-Duc kéint säin Eedem theoretesch anobléieren. Dem Pierre Dillenburg no géif dat awer éischter bei de Frae wéi Männer gemaach ginn, aus wéi engem Grond och ëmmer. D'Tessy Antony, Ex-Fra vum Prënz Louis an d'Claire Lademacher, Fra vum Prënz Felix, krute jo den Titel vun der Prinzessin.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Och de Pierre Dillenburg weess wéineg iwwert den Auserwielte vun der Prinzessin.
"Den Nicolas Bagory, ass den 11. November 1988 gebuer an ass an der Bretagne opgewuess. Hien huet Sciences politiques a Lettres classiques studéiert a schafft haut am sozialen a kulturelle Beräich", sou huet et am offizielle Communiqué vum Haff geheescht, wéi d'Verlobung annoncéiert gouf.
Vill méi weess och ee Pierre Dillenburg net iwwert den neie Member vun der groussherzoglecher Famill.
Et gëtt ugeholl, dass d’Koppel sech iwwert de Magazin Dynastie kéint kennegeléiert hunn.
De Magazin gouf an den 80er Jore vum Stéphane Bern – franséisch-lëtzebuerger Radio- an Televisiounsanimateur - gegrënnt an 2021 nei lancéiert. De Spezialist vun de Kinnekshaiser ass a guddem Kontakt mat der groussherzoglecher Famill. Hien huet d'lescht Joer mat der Grande-Duchesse d'Buch "Un amour souverain" erausginn. Den Nicolas Bagory huet sengersäits um neie Lancement vum Magazin "Dynastie" matgeschafft.
"Si hunn e bëssi dee selwechte Studiëparcours", fënnt den Här Dillenburg. D'Prinzessin huet jo ënner anerem Psychologie a Philosophie studéiert mat Schwéierpunkt Ethik an ee Master an "études interreligieuses". Den Nicolas Bagory huet seng Lycéesjoren am "Collège Stanislas" zu Paräis verbruecht, eng bekannt kathoulesch Schoul. Hie gëtt vu fréiere Professeren als kultivéiert a spirituell beschriwwen. Den neie Member vun der groussherzoglecher Famill huet al griichesch a Latäin geléiert, huet ee Master an der anticker Linguistik op der Sorbonne. De mëttlerweil 34 Joer ale Fransous huet bis ewell ënner anerem als Sproocheprofesser an Iwwersetzer geschafft.
"Et schéngt mer, dass si Allenzwee gleeweg Leit sinn", mengt de Pierre Dillenburg a weider:
"Et war ni eppes gewosst vu viregte Relatioune vun der Prinzessin. Ech hu mech ëmmer gewonnert, si ass esou ee schéint, léift Meedchen, hat si keng Iddi, sech ze bestueden oder ass se esou beschäftegt, dass se keng Zäit huet, ee kennenzeléieren? Et weess een och net, wat se richteg schafft, mee d'Leit musse jo net ëmmer alles wëssen, si musse jo och ee privat Liewen hunn."
Zivillen Akt: Fréier am Palais
"Fréier war deen zivillen Mariage vu Membere vun der groussherzoglecher Famill ëmmer am Palais", erënnert sech de fréieren Greffier vun der Chamber. Mee wéi de Xavier Bettel Buergermeeschter gouf, hätt hien insistéiert, dass dat och an der Märei wier, duerfir war d'zivil Bestietnis bei der ierfgroussherzoglecher Koppel fir d'éischte Kéier am Gemengenhaus um Knuedler.
Beim Grand-Duc Henri war deen Akt nach am Palais.
Rapport Waringo : "Et war net méi ze vermeiden"
Wann een de grousse Fan vun de Royals op d'Spannungen um Haff uschwätzt, déi sëllegen Affären a Reprochë speziell géintiwwer der Grande-Duchesse, déi derzou gefouert hunn, dass de Rapport Waringo ausgeschafft gouf an et zu der Schafung vun der Maison du Grand-Duc koum, mat enger kompletter Ëmstrukturéierung vum Haff an enger Trennung vum ëffentlechen a private Budget vum Staatschef, sou huet hie seng nuancéiert Meenung:
"Dat war an engem gewëssen Moment net méi ze vermeiden, fir dass e bëssi Rou an dat Ganzt kéim. An do si jo och Saachen an deem Bericht zréckbehale ginn, déi anscheinend net sou gutt funktionéiert hunn an do ass jo decidéiert ginn, dass déi Employéen lo Staatsbeamte sinn. Dat kann natierlech och Schwieregkeete mat sech bréngen, dat ass alles net sou einfach. Mee ech menge schonn, do ass scho méi Rou an dat Ganzt komm. Der Grande-Duchesse huet dat och vill wéi gedoen, dat weess ech. Mir Aussestehend si jo net Zeie vun deem, wat do geschitt a mir huet lo nach kierzlech ee fréiere Staatsminister gesot, dass him ee fréiere Staatsminister gesot hätt, wéi e Staatsminister gi ass: 'du muss der ëmmer eppes virun Aen halen, du muss ëmmer an an all Situatioun de Staatschef – de Grand-Duc a Schutz huelen'."
Wat de Jean-Claude Juncker jo och kierzlech bei eis op der Antenn gemaach huet, wéi e sot:
"Firwat solle mir op eemol d'Fra vum Grand-Duc soen, dat ass d'Grande-Duchesse. Punkt, aus, zou. An der Belsch ass et d'Kinnigin an an Holland och."
"An do sinn ech ganz mat him d'Accord", betount de Pierre Dillenburg.

© Domingos Oliveira / RTL
"Et ass d’Grande-Duchesse an net d'Fra vum Grand-Duc"
Op d'Fro: "Wat sot der dann zu de jéngste Reprochen der Grande-Duchesse géintiwwer, si hätt sech nees onpassend vis-à-vis vum Personal verhal?". Do äntwert den Här Dillenburg: "Ech kann do nëmme soen, ech war do net derbäi, ech kann do kee Jugement ofginn. Ech erliewen si op eng ganz aner Manéier."
Den Trounwiessel ass net fir haut a muer – mengt de Pierre Dillenburg
"Ech denken de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, wann nach esouvill Drock op si gemaach gëtt, mee op déi aner Manéier: de couple héritier, déi musse lo mol hir Kanner grousszéie bis déi ee gewëssen Alter hunn an da kéim de Moment fir een Trounwiessel. Et ass net fir muer an och net fir iwwermuer: Dann hu si jo och nach Zäit, sech ze preparéieren an da kënnt jo och nach ee ganz aneren Drock, deem si vläicht net mat der gréisster Passioun entgéintkucken. Also wann een esou exposéiert ass, wéi si an da komme Feiler vu lénks a vu riets an och nach vun hannen, dat ass guer net sou einfach ,, et kann ee se bewonneren, mee et kann ee se och bedaueren."
Wéi een Hochzäitskleed?

© Cour grand-ducale / Christian Aschman
Och de Pierre Dillenburg muss do spekuléieren:
Souwuel d'Ierfgroussherzogin Stéphanie am Joer 2012, wéi och d'Prinzessin Claire 2013 hu sech an engem Kleed vum bekannte libaneseschen Moudendesigner Elie Saab d'Jo-Wuert ginn.
"Dat ass iwwregens ee Frënd vu mir", zielt de Pierre, "an d'Grande-Duchesse hat jo och scho vill Kleeder vun him. Ech huelen un, well dat a méi enger klenger Kierch ass, dass dat méi fréijoersméisseg, méi romantesch ass, net mat enger meterlaanger Schleef, si wëllen dat méi intim hunn. Duerno si si jo och an hirer Proprietéit no beim Mier, dat Ganzt ass bëssi méi erofgeschrauft par rapport zu deem, wat an der Kathedral gewiescht wier."
Wat schenkt een enger Prinzessin zur Hochzäit?
"Een Tête-à-Tête, dat sinn zwou Tasen vun deem berüümte Meissen-Porzeläin", erkläert de Lëtzebuerger Adelsfrënd, "an ech hunn dobäi geschriwwen: "pour de petits tête-à-tête en grands amoureux."

Dem Pierre Dillenbourg säin Hochzäitscadeau: Een Tête à Tête vu Meissen. / © Jean-Baptiste Verwaerde