Dës Woch geet et ëm "The Voice of Germany", Jongléieren an den Télévie 2026.

D'Luciana Da Silva Alves, d'Eugénie Moine an den Andrea Galleti hu Lëtzebuerg dëst Joer bei 'The Voice of Germany' vertrueden. Leider sollt kee vun den 3 et an d'Finall bréngen, och wann den Andrea et an d'Teamfights gepackt hat. Awer et war nawell fir déi 3 ambitionéiert Museker eng genial Chance an eng flott Aventure fir hir spéider Karriär. Si konnten gutt Erfarungen maachen, fir d'Nues an sou eng grouss Fernseeproduktioun ze stiechen an d'Kulissen kennenzeléieren an hunn och bestëmmt vill Kontakter fir d'Zukunft gesammelt. Fir de 25. Anniversaire vum Télévie anzelauden gouf et eng Première mat 'Imagine' vum John Lennon. www.instagram.com/galleti.andrea  https://www.instagram.com/eugeniemoine   www.instagram.com/_lluciana_silva

RTL

D'Françoise Rochais an de Stéphane Delvaux si Meeschter am Jongléieren a kommen en Donneschdeg op Maarnech. Beim Festival vu Monte Carlo hu si scho Präisser gewonne, an och beim Supertalent an Däitschland gouf et en remarkabelen Optrëtt. Mam Buch 'Jongler à la vie, à la mort' huet d'Françoise Rochais vill Opmierksamkeet erreecht. D'Stéck 'Silence, on lance' baséiert op dëser Virlag a mécht de Public op fir den Thema vun 'innerfamilärer Gewalt' mat nodenkleche Momenter awer och där fir ze laachen.  Rendez-vous en Donneschdeg 27. November am Cube zu Maarnech.

https://www.instagram.com/francoiserochais   www.cube521.lu

RTL

Feelen, Biissen a Rodange sinn déi nei Zentere vum Télévie 2026. Si léissen domadder Dippech, Käerch a Schengen of. A fir 25 Joer Télévie zu Lëtzebuerg ze feieren, si schonn e sëllegen aussergewéinlech Iddien an der Maach. Zesummen mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez gouf fir dës besonnesch Geleeënheet eng grouss '25' devoiléiert, déi een elo mat perséinlechen Messagen vollpeche kann. Fir dës Geleeënheet hate sech vill Frënn vum Télévie afonnt d'Presidentin vum Kiwanis Nathalie Frisch, Chercheuren aus dem Labo vum LIH, Memberen aus der Direktioun vum Cactus déi Partner sinn an net ze vergiessen 'Survivors'. Kanner an Erwuessener déi, déi schlëmm Krankheet hunn. www.televie.lu

RTL