Wontorra, Fuss, Matthäus, Langers, Hellers a Birsens
Dës Woch geet et ëm Futtball, Futtball a Futtball.
De LIVE! planet people huet sech fir de Warm-up vum Retourmatch vun de Roude Léiwen géint Däitschland an de Stade de Luxembourg deplacéiert, fir d'Stëmmung vun sou engem wichtege Match anzefänken. Fir Däitschland ass RTL vu Köln fir d'Iwwerdroung responsabel, déi mat hiren Top-Leit ugereest sinn.
D'Laura Wontorra ass e Multitalent am animéieren. Vum Fussball bei 'Ninja Warrior Germany' iwwer 'Grill den Henssler' op VOX' bis bei dem Stephan Raab seng nei Sendung 'Die Unzerquizbaren' wou och den Elton matréit. https://www.instagram.com/laurawontorra/
De Wolff-Christoph Fuss huet schonn sou zimmlech alles kommentéiert, wou e Fussball am Spill ass. Fussball-Bundesliga, DFB-Pokal, UEFA Europa League oder Champions League. Awer och Boxmatcher oder Spillsendunge wéi 'Elton zockt' an 'Big Bounce - Die Trampolin Show' gehéieren zu sengem Repertoire als Kommentator. Hie weess och, dass hien net jidderengem gefält, awer hien huet säin Styl an dee fleegt hien, ob um grénge Wues oder an der Hal. https://www.instagram.com/wolfffuss/
De Lothar Matthäus, de Weltmeeschter vun 1990, ass eng Legend. Just beim ominéise Match am Stade Josy Barthel, kuerz nodeems d"Mannschaft" zum Weltmeeschter gekréint gi war, war et hinnen bal e Strapp ze séier gaangen, an domadder hat kee gerechent, si op alle Fall net. No senger Karriär als Spiller huet hien vun 2001-2011 als Trainer geschafft an elo ass hien e vill gefroten Expert op alle Kanäl. https://www.instagram.com/lotharmatthaus10/
Roby Langers, Guy Hellers a Marc Birsens sinn 3 vun den Helden, déi 1990 bei de roude Léiwen derfir gesuergt hunn dass et an nach emol spannend ginn ass.
De Roby Langers huet 18 Joer als Fussballprofi gespillt. Ronn 13 Veräiner huet de fréiere Stiermer och an Däitschland, Frankräich an an der Schwäiz duerch säin Spill ënnerstëtzt.
De Guy Hellers huet viru 35 Joer de Lothar Matthäus op der Areler Strooss a Schach gehalen. Seng zweet Etapp am nationale Fussball war d'Roll vum Fussballnationaltrainer vun 2006 bis 2010.
De Marc Birsens hat am Match géint den Weltmeeschter bal den Ausgläich geschoss. E groussen Moment war 1999 de Match am Wembley a mat 33 war Schluss mat der internationaler Karriär.