Fir en éischt Joer dierft de Bilan ganz positiv ausfalen: e Michelin-Stär an d’Unerkennung als "Jeune Chef de l’année" am Guide Gault&Millau.

Dës jonk, dynamesch Koppel huet zu Iechternach an nëmmen engem Joer vill erreecht. De Chef Archibald de Prince a seng Fra Rachel hunn en intensiivt Joer hannert sech, dat nodeems se hier ganz Energie an hire Restaurant mat Hotel gestach hunn.

Archibald de Prince: Ee Joer, ee Stär an den Titel vum "Jeune Chef de l’année"
Fir en éischt Joer dierft de Bilan ganz positiv ausfalen: e Michelin-Stär an d’Unerkennung als "Jeune Chef de l’année am Guide Gault&Millau.

Zu Iechternach féieren déi zwee hiren eegene Restaurant mat Hotel, dee se viru genee engem Joer opgemaach hunn. Fréier war hei den Hotel "Au Vieux Moulin" – haut ass et en Haus mat Charakter, wou dat Kulinarescht am Mëttelpunkt steet. Nodeems den Archibald 8 Joer an der "Distillerie am Schlass zu Buerglënster beim René Mathieu, geschafft huet, wollt hien eppes Eegenes opbauen an zwar do, wou hie sech doheem fillt. Seng Kichen huet sech am Laf vun de Joren och staark entwéckelt: vu Süd-Frankräich bis op Buerglënster an dann huet den Archibal de Prince och nach de Belsche Bocuse d’Or 2024 gewonnen. Dëse Concours hätt seng Kachkonscht nach emol op en anere Level bruecht. Haut steet hie fir eng raffinéiert, awer och authentesch Kichen.
 
Nieft der kulinarescher Experienz sinn et awer och de Service an d’Ambiance, déi d’Gäscht iwwerzeegen. D’Rachel de Prince huet virdru Restauranten am Schlass vu Buerglënster geréiert. Si këmmert sech elo ëm d’Clienten an d’Ekipp am Sall, wärend den Archibald an der Kiche steet an och d’Comptabilitéit am A behält. Fir hire Projet hu si vill investéiert, net nëmmen Zäit a Passioun, mee och Sue fir Renovatiounen an en eegene Gaart. Aus dësem Gaart kommen elo frësch Kraider a Geméis direkt an d’Kichen. D’Koppel schafft Hand an Hand a seet, datt si sech géinge perfekt ergänzen.
 
A mat all den Auszeechnungen, déi et direkt am éischte Joer gi sinn, weist sech: hiren Erfolleg baséiert op Aarbecht, Teamgeescht a vill Häerzblutt.

[comment]