Ganz genee waren et 15.070 Euro déi zesumme koumen, de Scheck goung integral un d'Fondatioun Van Werveke.

E Sonndeg, 28. September gouf am Gedenke vum verstuerwene Lëtzebuerger Museker Pascal vu Wooltz en Tribute-Konzert am Atelier an der Hollerecher Strooss an der Stad gespillt. Hei gouf och Geld gesammelt, dat integral un d'Fondatioun Van Werveke goe soll.

En Donneschdeg den Owend war et du sou wäit, um 20.30 Auer war am Bistro "Beim Renert" um Knuedler d'Iwwerreechung vum Scheck. AM Ganze goufen 8.820 Euro u Spenden a verkaaftem Merchandising erageholl an nach eemol 6.250 Euro u verkaaftem Gedrénks. De Benefice dovunner huet den Atelier integral gespent. Am Ganze koume sou 15.070 Euro zesummen

Um Owend vun der Scheckiwwerreechung waren d'Cathy Cloos, de Luc Hourscht, de Miko Buraczyk an den Giordano Bruno als Haaptorganisateuren, sou wéi dem Pascal vu Wooltz seng fréier Punkband WEAKONSTRUCTION a VERSUS YOU als Co-Organisateuren. Och den Atelier (Laurent Loschetter an d'Jette Kaiser), d'Fondatioun Thierry Van Werveke (Sandrine Kayser, Marc Bonnert an Alex Heyar) an dem Pascal Alff (aka Pascal vu Wooltz) seng ganz Famill waren um Owend vun der Iwwerreechung vum Scheck present.