Réckbléck op der Prinzessin Alexandra hir Hochzäit um Weekend
Et war hiren éischten Optrëtt als bestuete Koppel a si sinn häerzlech empfaange gi vun de Leit, déi sech um Knuedler versammelt hunn, fir ze felicitéieren.
"Si sinn esou frou a verléift. Ech wënschen hinnen, dass dat esou bleift fir de Rescht vun hirem Liewen!", seet eng Fra ënnert de Spectateuren.
D’Prinzessin Alexandra ass dat véiert vu fënnef Kanner vum Grand-Duc Henri a senger Fra Maria-Teresa an dobäi dat eenzegt Meedchen. An der Vergaangenheet huet een d’Prinzessin net esou heefeg bei offizielle Geleeënheete gesinn.
Déi zivil Hochzäit an der Stad Lëtzebuerg zitt vill Leit an och Representante vun der Press un. D'Hochzäit tëscht der Prinzessin Alexandra an dem Nicolas Bagory ass eng Geschicht, déi och d’Lieser vun der Zeitung passionéiert, fir déi den Thomas Pernette schafft. E franséische Journalist, dee fir déi franséisch Wochenzeitung "Point de Vue" schreift. De Journalist ass spezialiséiert op europäesch Monarchien a kennt sech gutt mat der groussherzoglecher Famill aus.
Elo huet hie geplangt, sechs Säiten iwwert dës besonnesch Hochzäit ze schreiwen. Déi wäerten dann an der nächster Editioun ze fanne sinn.
No der Hochzäit an der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg ass et nach eng Receptioun am Palais ginn. D’Feierlechkeete wäerten déi nächst Deeg nach viru goen. D’Hochzäit an der Kierch wäert dann nächste Samschdeg geféiert ginn. Dann awer zu Bormes-les Mimosas am Südoste vu Frankräich.