Marc Streng, Marc Weydert a Markus Krebs
Am Live! Planet People geet et dës Kéier ëm Marschéieren, Kabarett a Komedie.
De Marc Streng ass President vun der 'Marche internationale de Diekirch' déi den nächste Weekend endlech nees ass. No 3 Joer forcéierter Paus duerch Corona gehéiert de Weekend vum 3. a 4. Juni de Marcheure ronderëm Dikrech. Zanter 1968 kennt een dës grouss Manifestatioun, déi an der Vergaangenheet als "Marche de l'armée" bekannt ginn ass. Nom virtuelle Walk d'lescht Joer, wou sech 15.035 Leit ageschriwwen haten, wäert et dëst Joer sur place erëm déi eng oder aner Bloder bei den 12, 20 oder 40km ginn. Apaart vill amerikanesch Zaldote gi sech dëst Joer erwaart, déi sou déi schéi Géigend am Norden och emol kenneléieren. www.marche.lu

De Marc Weydert ass e Wuertakrobat mat senge Cabaretstexter a senge Kannerbicher. Ugefaangen huet alles mam Buch "Verdruddelt Geschichten", verdréinten Erzielungen op Lëtzebuergesch an a Versform, fir dat de Marc Weydert zesumme mat der Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mat engem 1. Präis beim 'Concours littéraire national' belount gouf. Säin aktuellt Wierk heescht "Zerknujelt Geschichten". Donieft huet den Auteur och e Programm mat kabarettisteschen Texter. Bei "Lët'z druddel!" geet et ëm d'Superwaljoer, awer och ëm divers Klischeeën an eng méiglech Suite vun der Maus Ketti. www.facebook.com/marc.weydert.7

De Markus Krebs ass e Comedian aus dem Ruhrpott a suergt de 16. Juni zu Dikrech an de 17. Juni zu St Vith mat senge Witzer fir Ofwiesslung. De Gewënner vum RTL Comedy Grand Prix 2011 zitt net just duerch Däitschland, mee kënnt och reegelméisseg an eis Géigend fir d'Leit zum Laache ze bréngen. "Comedy alle wegen mir" heescht säin aktuelle Programm, wou hien eng Pointe no där anerer am Sekonnentakt placéiert. Seng lëschteg Geschichte fënnt hien direkt virun der eegener Dier, a sengem Bistrot "Zum Hocker" zu Duisburg. Hien observéiert gär, verschafft dat dann a Bistrotsgespréicher an hëlt esou d'Welt op d'Schëpp. www.markuskrebs.com

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.