Erfreelech Nouvelle vum Haff
De Prënz Félix a seng Fra Claire erwaarden hiert drëtt Kand

© Cour grand-ducale
Iwwer sozial Medie gouf d'Nouvelle annoncéiert, dass um groussherzoglechen Haff nees Nowuess erwaart gëtt.
Fir den zweete Fils vun der groussherzoglecher Koppel a seng Fra ass et dat drëtt Kand. Hir éischt Duechter, d'Prinzessin Amalia Gabriela Maria Teresa, ass de 15. Juni 2014 an der Stater Maternité op d'Welt komm. Den 28. November 2016 ass dat zweet Kand, de Prënz Liam Henri Hartmut vun Nassau, zu Genf gebuer ginn.
Ob dat drëtt Kand e Jong oder Meedche gëtt, gouf net verroden. Och net wéini et op d'Welt wäert kommen.
Am meeschte gelies