Op Besuch am Domaine vum Prënz Félix a senger Fra Claire Lademacher
Zu Lorgues am Departement vum Var verbënnt den zweeteelste Jong vun der groussherzoglecher Koppel seng Passioun fir de Wäin an den Entreprenariat.
Am Domaine Viticole an der Provence produzéieren de Prënz Félix an d'Prinzessin Claire Wäin.
Lorgues, eng kleng Stad vu knapp 9.000 Awunner am Departement vum Var. Et ass do, wou de Prënz Félix zwou Saache matenee verbënnt: Entrepreneur sinn a Wënzer. Dat éischt huet den zweete Fils vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse an der Schoul geléiert, dat zweet léiert hien zanter elo 10 Joer um Terrain. Zesumme mam Önologe vum Château les Crostes, dem Ted Garin, këmmert de Prënz sech ëm knapp 200.000 Riewen. Mam Terroir aus der Provence, dem Kallekbuedem an der grousser Portioun Sonn vum Süden entstinn esou Rout, Rosé- oder Wäisswäiner, déi iwwer d'Grenze vu Frankräich eraus bekannt ginn.
300.000 Fläsche ginn am Château les Crostes produzéiert. Et ass de Rosé, dee mat 65% vun all de Venten am beléiftsten ass. Esou wéi d'Cuvée Amalia a Liam, déi den Numm vun de Kanner vum Prënz Félix an der Prinzessin Claire droen. 15% vun der Produktioun ginn an d'Ausland verkaf, mat virop Lëtzebuerg, wou am meeschten exportéiert gëtt.
Den Domaine war een Hochzäitskaddo fir d'Bestietnis vun der Koppel am September 2013. Zanter elo 10 Joer managen de Prënz Félix an seng Ekipp den Oflaf um Domaine.
D'Schlass vum Domaine ass am Joer 1653 erbaut ginn a läit tëschent Pinien, Eechen an Zypressen an engem Park vun 252 Hektar. Viru knapp 5 Joer ass d'Schlass renovéiert ginn, dobäi sinn och eng 12 Zëmmeren amenagéiert ginn. Dës ginn un Touristen oder am Kader vu privaten Evenementer verlount. Eng 10 Hochzäite sinn esou eleng schonn an dësem Joer do geféiert ginn.
Déi 1.080 Metercarré vum Schlass hu villes ze bidden. Niewent engem Zëmmer, fir Billard ze spillen, enger Bibliothéik mat joerhonnertalen Ouvragen, sinn déi meeschte vun den 12 Zëmmere vun der Koppel selwer ageriicht mat vill Charme ageriicht ginn.
De Château les Crostes ass eng Plaz mat vill Traditioun, déi elo vu Prënz Félix a senger Fra op déi nächste Generatioune virbereet gëtt. "Eng Aventure, déi een all Dag fuerdert an un där een all Dag ee Stéck wiisst“, esou de Prënz Félix.