Visitt vum Waasserreservoir "Rebierg"

Hutt Dir Iech scho mol gefrot, wéi d'Waasserversuergung hei zu Lëtzebuerg funktionéiert? A wéi eist Drénkwaasser an d'Waasserreservoire kënnt?
Da wier eisen Tipp am Summer-Agenda vun haut eventuell eppes fir Iech.
Ass Iech den Drénkwaasserreservoir Rebierg zu Koler och scho mol opgefall, wann Dir laanscht gefuer sidd? E gläicht effektiv elo net onbedéngt deem klassesche Waassertuerm, wéi een e kennt. Vill méi ass et sou eng konesch Form, déi aus dem Buedem luusst. A genee hei kann een eng guidéiert Visitt maachen, wou een e ganze Koup iwwert d'Thema Waasser gewuer gëtt an awer och eng ënnerierdesch Drénkwaasserquell souwéi de Waassertuerm besicht. D'Nadine Schank vum regionalen Tourismusverband Guttland:
"Am Drénkwaasserreservoir Rebierg ass et esou, dass een allerhand Informatiounen zum Waasser kritt, dat läit op der Hand. Wat do immens interessant ass, ass, dass een hei wierklech sur place all déi technesch Saache gesäit an all déi Informatiounen dozou kritt. An dann zum Schluss vun dëser Visitt gëtt ee mat engem Highlight belount an dat ass definitiv eng fantastesch Vue bei Sonnenënnergang - wa mer da Chance hu mam Wieder - iwwert déi ganz Plattform. Dat heescht, do huet ee wierklech eng 360 Grad Vue iwwert Felder, iwwert Wisen."
D'Visitt riicht sech un Erwuessener souwéi och fir méi grouss Kanner, déi sech fir d'Thematik interesséieren an déi och gutt ze Fouss sinn, well nieft enger wonnerschéiner Vue stinn och vill Trape goen um Programm.
De regionalen Tourismusverband Guttland organiséiert dës guidéiert Visitt direkt 2 mol an dat souwuel de 25. August wéi och den 1. September, dat jeeweils Owes vu 19 bis 21 Auer.
Umelle kann ee sech, sou laang nach Plazen do sinn, um Site vu Visit Guttland.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: 2. Hallschent vum Festival "Congé Annulés"