An e puer Stonnen ass se eriwwer
Haut ass dann och de leschten Dag vun der Fouer.
Um 22 Auer ass et dofir dat traditionellt Freedefeier op der Rouder Bréck. Dat war jo nach d’lescht Joer wéinst der extreemer Dréchent ausgefall. Um 1 Auer an der Nuecht ginn d’Luuchten um Glacis da fir déi leschte kéier dëst Joer ausgemaach.
Nach kann een eng leschte Kéier vun der Editioun 2023 vun der Schueberfouer profitéieren an op d’Spiller goen. Oder iwwert de Glacis trëppelen an d’Atmosphär ophuelen. Déi lescht puer sonneg a virun allem waarm Deeg hunn nach eng Kéier en Rëtsch Leit op d’Fouer bruecht. D’Zuele vun 2019 goufen nees erreecht, bestätegt och de Charles Hary, President vun de Forrainen: "Mir hate ganz gutt ugefaangen. Dunn e bësse Ree kritt. Mä déi lescht Deeg huet d’Wieder sech nees vu senger beschter Säit gewisen.“
Ouns gréisser Pannen oder Interventioune koum een duerch déi lescht dräi Wochen, wat fir den Organisateur Stad Lëtzebuerg ganz positiv ass. De Fouermeeschter Laurent Schwaller geet op méi kleng Tëschefäll an: "Wat mer haten, war déi eng oder aner Panne op engem Geschäft. Notamment d’Achterbunn, wou effektiv duerch sensibel Apparater an duerch Sécherheetsmechanismen de Menage emol stoe bliwwen ass. Doriwwer eraus hate mer elo keng gréisser Incidenten."
Nom Freedefeier e Méindeg den Owend um 22 Auer an dem offizielle Schluss um 1 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg, gëtt d’Nuecht an déi nächst Deeg fläisseg ofgebaut. Bis datt de Parking Glacis vun e Sonndeg un nees fir de Public op ass. "Géint 1.30 Auer wäerten déi éischt Camionen eragefuer kommen, fir ofzerappen," esou de Charles Hary. "Do ginn déi virgeholl, déi direkt op eng aner Kiermes musse fueren. Et ass een hei, dee steet Enn der Woch zu München. Do soll alles schonn e Freideg stoen. Ech mengen, deen huet Aarbecht genuch."
No der Fouer ass virun der Fouer. D’Preparatioune fir déi nächst Editioun lafe schonn. Déi éischt Deadline ass den 30. September. "All déi Retoure fir Verbesserungen, déi mer krute vun eise Servicer a Partner, ginn elo fir déi nächst Editioun consideréiert,“ erkläert de Fouermeeschter. "D‘Forainen kënne sech dann elo och scho melle fir d’nächst Joer. Mir hunn en Appel à candidature, dee bis Enn dës Mounts geet. An deen Ament gëtt d'Auswiel getraff.“
An dann och schonn de Plang gezeechent. Et gëtt keng Kiermes op der ganzer Welt, déi esou vill international Forainen (6 Nationalitéiten) ulackelt, ewéi d’Schueberfouer. Editioun 2023 – eng Missioun accompli. Den Datum fir d’nächst Joer steet och schonn. Wéi dëst Joer gëtt richt déi ganz Uewerstad nees vum 23. August bis den 11. September no Fouer.