An dëser Emissioun vum LIVE! Planet People dréint sech alles ëm den Trounwiessel. De Studio ass mat 12 Invitéë gutt gefëllt.

De Joël Heyard a Christophe Strotz haten 2012 fir d'Prënzenhochzäit d'Lidd "I'm in love" komponéiert, dat all Reportagen a Live-Iwwerdroungen op RTL deen Dag als Hymne encadréiert huet. 13 Joer méi spéit fir den Trounwiessel hu si mam DJ Hoffi zesummen eng moderniséiert Versioun erausbruecht.
 
De Jean-Pierre Lucani huet selwer e Geschäft fir Brautmoud zu Esch a kennt sech aus mam europäeschen Adel. Him spréngt all Faux-pas bei der Moud an d'A an hie freet sech op den Defilé beim Palais virum groussen Galadinner.
 
Den Historiker Robert Léon Philippart ass selwer am Stater Gemengerot a kennt sech wéi keen Zweete mat de Gebaier aus der Stad aus. De fréieren Direkter vum LCTO kennt och d'Geschicht vum Palais an der Chamber. Wéi laang et dat imposant Schlass gëtt, iwwer déi grouss Changementer am XVIII. Joerhonnert, d'Steng an d'Ornamenter an der Fassad goufe scho vill Bicher geschriwwen.
 
Den Ivo Silva huet sech déi lescht Deeg als Shopping-King fir Souveniren op de Wee gemaach an e Puzzle, Béierglieser, Tasen an eppes fir dran, awer och Knippercher, Fändelen an e Molbuch gesammelt.
 
De Georges Sadeler mécht zanter sengem 8. Liewensjoer Musek. De Militärmuseker ass de Komponist vum neie Marche Grand-Duc Guillaume an huet sech bei engem ëffentleche Concours zu Hesper géint seng Konkurrenten duerchgesat.
 
De Laurent Schwaller ass de Chef vum Service Espace public, fêtes et marchés bei der VDL. Säi Service huet ënner anerem déi grouss Bün um Glacis organiséiert, wou schonn de ganze Samschdegnomëtteg 
mam Marcy, My Own Ghost, Corbi, Grupo Pilon, Alfalfa, Serge Tonnar’s Jickeclub a Zero Point Five Concerte sinn, ier et vun 20.00 Auer déi grouss Show gëtt.
 
De Pierrot Matagne kennt als fréiere Commissaire général vun der FNEL den aktuelle Chefscout an neie Grand-Duc zanter senger Ufankszäit bei de Wëllefcher, wou hien 1991 beim Grupp Briddel Saint Hubert agetrueden ass, a sech schonn dacks um Terrain wéi am Nepal oder bei der Pandemie perséinlech engagéiert huet. 
 
De Flor Starsky an d'Fabienne Wagner ware mam Guillaume an der Primärschoul. Se hunn zesumme geléiert, gespillt, zesumme gefeiert a sinn zesummen erausgaangen. Och haut ass de Kontakt nach net ofgebrach an zu der gemeinsamer Zäit gehéieren och vill flott Anekdoten
 
D'Valérie Wagner weess ëmmer e puer Stonnen oder Deeg am viraus wéi d'Wieder gëtt. Fir dem neie Grand-Duc seng Tournée duerch d'Land e Samschdeg ass leider net just d'Symbol vun der Sonn op der Wiederkaart.
 
De Chris Schagen ass bei RTL de Responsabele fir d'Socials, wou och déi ganz Crew dräi Deeg permanent am Asaz ass, fir déi beschte Biller op Instagram a Facebook ze kréien.