Ka Kënschtlech Intelligenz e professionelle Faarfberoder ersetzen?
Déi perséinlech Faarfberodung erlieft an de soziale Medie mat Handy-Filteren an Appen en neien Hype, mä kënne si professionell Faarfberoder ersetzen?
D'Léier vun de Faarftyppen ass keen neie Phänomen: Mat Hëllef vun Hauttoun, Aen- an Hoerfaarf gëtt ermëttelt, wéi eng Faarwen enger Persoun gutt oder manner gutt stinn. Fréier war dat d'Aufgab vu Faarf- a Stilberoder, fir déi Faarwen auszemaachen, haut sinn et Kënschtlech Intelligenz an Handy-Applikatiounen, déi dës Faarfanalys verspriechen.
D'Grondlag vun der Faarfanalys läit am Simultankontrast, also dora wéi zwou Faarfflächen, déi nieftenee leien, sech géigesäiteg beaflossen. Den nämmlechte Faarftoun gëtt ënnerschiddlech wouergeholl, wann e virun engem aneren Hannergrond optrëtt. Genee esou verhält et sech och mat eisem Hauttoun.

An der Colorimetrie gëtt grondsätzlech tëscht véier Faarftyppen ënnerscheet, déi no de véier Joreszäite benannt sinn: Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter. Deene Joreszäite ginn da jeeweils Faarfpaletten zougedeelt, déi hir individuell Eegenschaften optimal an Zeen setze sollen. Ma hei hält et net op. An all Kategorie gëtt et Variatioune wat d'Hautfaarf, d'Aefaarf an d'Hoerfaarf ugeet. Dat féiert dozou, dass et och bannent de Kategorien nach Ënnerkategorië gëtt, déi sech a Knallegkeet an Hellegkeet ënnerscheeden.
D'Sabrina Iacovazzi bedreift eigentlech eng Danzschoul, ma huet 2022 zu Mailand eng Ausbildung fir déi perséinlech Faarfanalys nom 12+4-System gemaach. Den Hype, deen online ëm d'Colorimetrie entstane wier, hätt matsechbruecht, dass d'Komplexitéit dovun ënnerschat gëtt a jidderee mengt, e kéint d'Typpen och ouni e geschoultend A korrekt zouuerdnen. Dobäi wier et vill wäert, säi korrekte Faarftyp ze kennen, well déi richteg Faarwen ee ganz anescht en valeur setzen ewéi déi regulär Faarwen, déi am Trend leien.
"Mir kréien ebe verkaf: Schwaarz geet jidderengem, schwaarz mécht schlank, schwaarz ass schick an dat ass net wouer. Schwaarz valoriséiert net jiddereen. Wat mécht schlank? Däischter Faarwen: donkelblo, brong, aubergine, ...", sou d'Sabrina Iacovazzi.