Foraine ginn een Abléck an d'Liewen op der Fouer
No 20 Deeg Schueberfouer gëtt et nees roueg um Glacis. Fir d’Forainen heescht et: zesummepaken a weider op déi nächst Kiermes.
Ma wéi gesäit esou ee Liewen op der Rees aus?
D’Dagmar Osselmann war lo scho fir déi aachte Kéier mat hirem Autoscooter "Diamond" op der Fouer. Lëtzebuerg wier mëttlerweil wéi eng zweet Heemecht fir si, erzielt déi 60 Joer al Fra. Nieft der Schueberfouer kënnt si och nach fir d’Oktav a fir de Wantermaart – zesumme mat hirem Mann, dee Mandelen an Nëss verkeeft.
Zanter 40 Joer schafft déi geléiert Bauzeechnerin elo als Forain. E Geschäft, an dat si aus Léift zu hirem éischte Mann erageklommen ass. No sengem Doud am Joer 2008 louch dunn déi ganz Responsabilitéit eleng beim Dagmar.
"Eine Schaustellerfamilie ist immer klassisch aufgeteilt. Der Mann macht die Hardware, also der baut auf, baut ab, fährt die Transporte. Und ich habe mich um alles andere gekümmert. Die Kinder großziehen, Personal versorgen – also auch kochen, alles – die Mutter der Nation. Da waren wir ein eingespieltes Team. Und das war natürlich dann schwierig auf einmal alles abzufedern."
Ënnerstëtzung kritt d’Dagmar vun hirer Duechter Nina. Am Géigesaz zu hirer Mamm, déi en Haus zu Lëtzebuerg lount, ass si mat der Rulott ugereest. "Während der Spielzeit bin ich überwiegend unten, komme halt nur hier rein um mit dem Hund zu laufen und auch etwas runter zu kommen", erzielt d’Nina eis an hirer modern ageriichter Rulott, "vielleicht habe ich die Möglichkeit, mich mal eine halbe Stunde auszuruhen von dem ganzen Lärm – ansonsten ist das hier eigentlich nur schlafen und duschen."
Déi geléiert Hotelfachfra kéint sech keen anert Liewe virstellen. Dobäi kennt si och déi aner Säit. "Wir hatten immer die Chance, beide Leben zu leben. Das private, geordnete Leben, und dann natürlich die Reise, die anderen Uhrzeiten. Das ist einfach ein ganz anderer Lifestyle. Das ist schon schön gewesen", erzielt d’Nina a gëtt hannert der Kees Jetone raus. Dass si am Summer an der Kabaische misst sëtzen a schaffen, géif hir heiansdo schwéier falen, ma ëmsou méi freet si sech op d’Méint Januar a Februar, wann et un hirem Tour ass, Vakanz ze maachen. "Dann geht es in die Sonne", esou d’Nina.
De ganzen Temoignage gëtt et am Video-Reportage, mat ënnert anerem engem Abléck an d’Betreiung vun de Forains-Kanner, an d’Aarbecht vum Fouer-Paschtouer.