De 15. September steet zu Lëtzebuerg ganz am Kader vun der Schoulrentrée. Fir vill Kanner ass dëst eng Première a suergt fir sou munch Opreegung a Freed.

Genee 60.901 Schüler wäerte vun dësem Joer un an déi ëffentlech, respektiv privat Grondschoul goen. Eent vun deene Kanner, fir déi et eng Première ass, ass den Oscar. Fir hie geet et um Freideg déi éischte Kéier an déi "grouss Schoul", also an de Cycle 2.1, also 1. Schouljoer. Wéi hien eis géigeniwwer erzielt huet, géif hie sech och scho freeën an hëlt déi ganz Saach nawell zimmlech cool an entspaant, och wann en natierlech zënter enger Partie Wochen dann awer e wéineg opgereegt ass, wéi eis säi Papp erzielt huet.

Fir Kolleegen an der neier Schoul ass dann och scho gesuergt, wéi den Oscar eis verroden huet:

Kolleegen um éischte Schouldag huet den Oscar scho fonnt

Mir hunn den Oscar natierlech och gefrot, ob hie schonn e Liblingsfach huet. Hei koum d'Äntwert nawell séier:

Dem Oscar säi Liiblingsfach

Och wann him Rechnen am meeschten als Fach zouseet an och gären Däitsch mécht oder bastelt, huet hien awer och näischt dogéint e wéineg ze spillen, dat virun allem elo am Ufank vun der Schoulrentrée, wat eiser Meenung no natierlech och ze verstoen ass.

RTL

© Max / RTL

Fir d'Elteren ass deen Dag natierlech och mat vill Opreegung an deelweis Aarbecht verbonnen, och wann de grousse Brudder schonn an der Grondschoul ass, sou dass et hei wuel manner Iwwerraschungen dierfte ginn. Ma dach ass sou eng Schoulrentrée keen Dag wéi déi meescht aner Deeg am Joer, sou de Max Peporte, de Papp vum Oscar: "Dat heescht et ass virun allem den Oscar, deen opgereegt ass säit e puer Wochen. Mir sinn opgereegt, well dann awer och rëm nees d'Beschäftegung vum Alldag ugeet an een dat alles muss gutt virbereeden."

De Max Peporte iwwert den 1. Schouldag fir d'Elteren


De grousse Brudder vum Oscar ass dann och elo fir d'Rentrée säi Virbild, sou dass hien dierft wuel gutt kloer kommen wärend sengen éischten Deeg um neien Terrain. Ma dach wäerten awer eng ganz Partie nei Saachen op hien duerkommen an och d'Aarbecht ëm déi alldeeglech Schoul-Routine, déi d'Elteren och betrëfft, wäert sech verduebelen:"Et ass éischter, dass elo einfach nees d'Routine vum Alldag ugeet: de Schoulsak paken, den Iess-Kierfche paken an d'Hausaufgabe virbereeden an da fir den Dag dono och rëm asazfäeg sinn." Grouss Ënnerscheeder zu fréier géif et iwwregens net bis wéineg ginn, d'Opreegung an de Feeling géifen awer änlech sinn, wéi een dat nach vu sech selwer an Erënnerung hätt, sou de Max Peporte weider.

Vir de Max Peporte geet elo och nees d'Routine vum Alldag un

Déi 2. grouss Rentrée ass e Méindeg fir d'Lycéeën

RTL

© RTL Archiv

E bëssen Zäit hunn dann nach d'Julie an d'Lou. Fir déi geet et e Méindeg lass. Hei geet et net an dat 1. Joer vun der Grondschoul, ma an de Lycée, dat op 7ième, also dat 1. Joer vum Lycée. Dass een och do e wéineg ugespaant ass, ass do natierlech virprogramméiert, sou d'Julie: "Also ech sinn zimmlech opgereegt, well ech kennen déi meeschte Kanner do net an ech weess net wéi déi drop sinn. Mä ech freeë mech awer drop."

D'Julie ass scho liicht opgereegt fir e Méindeg an de Lycée

Och d'Lou verspiert eng kleng Opreegung sou knapp virun der Rentrée e Méindeg: "Well halt ech an eng nei Klass kommen a well mer zu 23 wäerte sinn, wat eng grouss Klass ass. Bis elo ware mer ëmmer sou zu 16. Ech freeë mech awer och drop nei Leit kennen ze léieren, a wéi dat Ganzt funktionéieren wäert." Niewent dem Lou an dem Julie wäerten dëst Joer eng weider 52.513 Schüler d'Lycéeën am Land besichen.

D'Lou mécht sech da scho Gedanken iwwert seng nei Klass


Iwwert d'Fächer gouf sech dann och scho Gedanke gemaach bei den 2 Meedercher. Nach eemol d'Lou: "Ech hunn d'Sproochen immens gären. An och Geschicht a Geo. Awer Mathé, dat hunn ech elo net sou gären."

Déi verschidden nei Fächer sinn definitiv Theema bei de Schüler

Änlech Preferenzen, respektiv Ofneigungen dann och beim Julie: "Ech hunn och d'Sproochen immens gär, awer halt Mathé wierklech net, well déi och op Franséisch elo wäert sinn..."

Mathé schéngt nach ëmmer net wierklech beléift ze sinn bei de Schüler

Jee no Lycée huet ee seng Bicher dann och schonn, respektiv et kritt een eng Lëscht mat den néidege Bicher den éischten Dag. Sou oder sou wäert deen Dag a ville Famillen eng méi lass sinn. Op alle Fall léiert ee vill nei Leit kennen, muss sech un Neies gewinnen, ma et huet een deen Dag no der Schoul garantéiert sou munches doheem z'erzielen, egal op Lycée oder Grondschoul.