Éischte "Komfort-Wanderwee" gouf e Samschdeg ageweit

Beispillbild. / © dpa/AFP/Archiv/Jan Woitas
Déi nei Kategorie u Wanderweeër solle virun allem Famillje mat Kanner a Leit mat méi limitéierter Mobilitéit uschwätzen.
Fir datt och Leit, déi net esou gutt op den eegene Been ënnerwee sinn, hier Tier an der Natur dréie kënnen, huet d'Generaldirektioun fir den Tourismus zesumme mat de regionale Verbänn eng nei Kategorie vu Wanderweeër an d'Liewe geruff.
Déi sougenannte "Komfort-Wanderweeër" schwätze virun allem eeler Leit, Famillje mat Kannerkutschen oder och Leit am Rollstull un. Den éischte Wanderwee an där Kategorie gouf elo de Samschdeg zu Biissen a Presenz vum Minister Lex Delles ageweit. De Wee ass eng 3 Kilometer laang a kann och vun engem Guide, dem sougenannten "Grénge Mann" begleet ginn.