Kuerz virun deem hien säi Moonwalk-Danz ëmmer opgefouert huet, huet de Popstat Michael Jackson genee dësen Hutt ëmmer op d'Säit vun der Bün gehäit.

40 Joer méi spéit, gëtt dëse Moonwalk-Hutt zu Paräis versteet, dat de 26. September am Hotel Drouot. De schwaarzen Hutt vum verstuerwene King of Pop soll tëscht 60.000 an 100.000 Euro erreeche kënnen, esou Schätzungen.

Ënnert anerem wéinst den Uschëllegung vu sexuellem Mëssbrauch géint Mannerjäreger, ginn dem Michael Jackson seng Saachen op Auktiounen manner gutt an héich verkaaft, wéi dat soss de Fall war. Och d'Angscht viru Fälschunge spillt hei eng Roll. D'Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch huet den Jackson jo bis zu sengem Doud am Joer 2009 mat nëmme 50 Joer dementéiert.

Den Hutt gouf vum Adam Kelly no engem engem televiséierte Motown-Konzert vum Michael Jackson am Joer 1983 opgeraf, nodeems dësen virum Moonwalk vum Jackson ewechgehäit gouf.

Niewent dëse Auktioun, wäerten och Objeten vum T-Bone Walker, dem Martine Gore vun Depeche Mode an dem Madonna versteet ginn.