Ufank August koum den zweete Fils vun der Popsängerin Rihanna an hirem Partner A$AP Rocky op d'Welt. Bis elo hat nach keen dee Klengen ze gesi kritt.

"Wëllkomm op der Welt Riot Rose", sou huet d'Rihanna op hirem Instagram-Profil geschriwwen an huet e puer Biller vun hirem klenge Jong matgepost. Och mat um Bild, déi houfreg Elteren.

Ëmmer nees fënnt een op de soziale Reseaue Fotoe vun hirer klenger Famill, besonnesch vun hirem éischte Kand, dem RZA Athelston, deen am Mee 2022 op d'Welt koum. Bis ewell hat een awer missen op éischt Fotoe vum klenge Riot waarden. Bis elo...