Mir hunn de Summer nach am Hannerkapp, ma et si just nach dräi Méint bis Chrëschtdag.

Elo scho komme Bréiwer mat Wënsch vu Kanner eran, an dat vun iwwerall aus der Welt. Gutt 4.800 Wonschziedele sinn deemno un d'sougenannte Christkindpostfiliale zu Engelskirchen verschéckt ginn, sou eng Porte-parole vun der Deutschen Post DHL. Bréiwer souguer aus Chile, Brasilien, Thailand a China.

Vill Kanner hunn och eng genee Virstellung, wat d'Chrëschtkëndchen hinne brénge soll. De Jakub zum Beispill wënscht sech e Stänner fir seng Klarinett an eng Luucht fir op de Kapp, d'Antonia eng Schickebunn an de Junxi aus China wënscht sech "Freed an Hoffnung fir d'Kanner op der Welt".

D'Bréiwer sinn der Porte-parole no mat vill Léift geschriwwen a gebastelt. Verschidde Kanner maache kleng Kaddoe mat an d'Enveloppe wéi selwer gebastelt Lieszeechen oder kleng Chrëschtdagsdeko. Munch Kanner erzielen eppes vu sech oder stelle Froen.

D'lescht Joer hunn d'Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun dëser Postfilial bal 135.000 Bréiwer aus 48 Länner kritt a beäntwert. Offiziell mécht dee Büro réischt Mëtt November op. An Däitschland ginn et iwwregens nach sechs aner esou Chrëschtdagspostbüroen.