No engem éischte Kontakt huet et nach eemol iwwer 10 Joer gedauert, bis een sech endlech konnt treffen an an d'Äerm huelen.

Stellt iech vir, dir léiert eréischt no ville Joren en Deel vun ärer Famill kennen, déi elo an Amerika wunnt an déi 1909 ausgewandert ass. Esou ass et emol dem Marianne Ihry gaangen. Elo no ville Joren hunn se sech getraff, dat um amerikanesche Kierfecht. Si koumen all, fir d’Marianne kennenzeléieren, respektiv wollt d’Marianne Si kenneléieren. Erausfonnt , dass se all Famill matenee wieren, huet d’Marianne duerch Zoufall. E Stamm-Bam vun engem Bekannten huet hier d’ Iddi ginn, fir där Saach op de Fong ze goen.

Iwwer déi sozial Medien hu se sech dunn all emol schrëftlech kennegeléiert an dunn huet sech dat iwwer 10 Joren gezunn, bis et endlech zum groussen Treffe koum. En emotionaalt Erliefnes fir se all, well d'Tatta déi dat ganzt initiéiert hat, net méi do ass.

Treffpunkt war natierlech den amerikanesche Kierfecht an do ass esouguer den amerikaneschen Ambassadeur hinne "Moie" soe komm.

Fir déi meescht war et déi éischte Kéier iwwerhaapt, dass se d'USA verlooss hunn, Si wossten awer schonn ëmmer duerch hir amerikanesch Virfaren, dass se mat Lëtzebuerg verbonne wären .

Esou hunn eis 13 Lëtzebuerger Amerikaner eist Ländchen entdeckt a waarden elo ongedëlleg op hiren neien Pass. Si hunn déi duebel Nationalitéit a kréien deemnächst dann och e lëtzebuergeschen Pass.