D'Membere vun der Motorradsvereengeung Ubaka setzen sech fir Mobbingaffer a Kanner aus Famille mat wéineg finanziell Moyenen an.

De Steve Thill ass President vun den Urban Bulldogs Against Kids Abuse, kuerz Ubaka, hei zu Lëtzebuerg. Esou wéi déi meescht vun de Membere kënnt hien aus einfache Verhältnisser a wëll Kanner e Liewen erméiglechen, dat hien deemools net onbedéngt hat:

"Ech kommen aus enger Aarbechterfamill, dat heescht mir haten och näischt. Mäi Papp ass als eenzege schaffe gaangen, meng Mamm war bei eis doheem, mir hate ganz wéineg. Meng Mamm ass an der Zäit lénks a riets heesche gaangen, dass mir eppes op den Teller kritt hunn."

Aus dësem Grond huet hien Ubaka virun dräi Joer hei am Land an d'Liewe geruff. Eigentlech huet d'ASBL hiren Ursprong a Frankräich. Ma vun do aus huet si sech e weltwäite Reseau opgebut. Hir Missioun ass et, Mobbingaffer ze hëllefen a Kanner aus Famillen, déi finanziell manner gutt opgestallt sinn, ze ënnerstëtzen.
Wann e Kand an der Schoul gemobbt gëtt, kann et selwer oder seng Elteren Ubaka kontaktéieren. An deem Fall begleede si d'Kand vun der Hausdier bis an de Schoulhaff, fir senge Matschüler ze weisen, dass d'Kand net eleng ass a si sichen och d'Gespréich mat alle Bedeelegten.

E Baart, eng Liederjackett an Tätowéierunge bis an d'Gesiicht. Eleng mat senger Präsens hannerléisst de Loïc Hasselwander deen däitlechsten Androck bei de Kanner. Dat geet dacks och schonn duer, dass déi meescht et net méi woen, hire Matschüler ze mobben.:

"On m’appelle le 'nounours' parce que je fais un peu peur physiquement, mais je suis très gentil. Au début on m'envoie pour que les gens sont un peu choqués et pour qu'ils voient qu'il y a des gens derrière. Le reste de la semaine, ce sont différents membres qui accompagnent l'enfant pour qu'on voie qu’il y a plusieurs personnes et à la fin de la semaine je reviens pour montrer que le monsieur qui fait peur et de nouveau là."

Dermat d’Situatioun och wierklech net eskaléiert, wa si mat engem Kand ënnerwee sinn, gëtt all Member ganz genau ënnert d'Lupp geholl. All zwee Joer musse si nämlech en Auszuch vun hirem Casier virleeën, deen natierlech vierge muss sinn. "Dat ass fir ze verhënneren, dass mir Leit era kréien, déi Kanner schloen, Kanner mëssbrauchen, hir Fra schloen. All Zort vu Gewalt dierf et net gi bei eis", betount de Réne Wishof.

Mat dëser Demarche huet Ubaka bis elo fënnef Mobbingaffer erfollegräich begleet, mat Donen Ausflich fir Foyeren organiséiert a Famille mat wéinege finanzielle Moyenen ënnerstëtzt. Fir d'Zukunft wënsche si sech, dass nach méi Betraffener op si opmierksam ginn.

Si hunn zwar keng Police-Funktioun a kommen nëmmen dann un Informatiounen, wa sech eng Famill direkt bei hinne mellt. Ma d'Urban Bulldogs hëllefe gären a wann si moies en Uruff kréien, probéieren si nach deen nämmlechten Dag fir en éischt Gespréich op der Plaz ze sinn.