Op spilleresch Manéier d'Monarchie kenneléieren
Kuerz no der Schoulrentrée huet d'Maison du Grand-Duc eng Versioun vun hirem Site Monarchie.lu lancéiert. Dës Säit riicht sech speziell u Kanner.
Wat ass d'Roll vum Staatschef? Firwat hu mir ee Grand-Duc? Vläicht hunn Är Kanner och esou Froe scho gestallt. Op kids.monarchie.lu kréie si dës Froen elo op véier Sproochen - Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch - beäntwert.
Den neie Site hëlt d'Kanner mat op eng virtuell Rees op déi symbolesch Plaze vun eiser Monarchie: de Palais an der Stad, souwéi d'Schlass Bierg a Fëschbech. Mat net just, hei kritt een och emol en Abléck an de Schlassgaart oder wien alles am Palais beschäftegt ass.
Et kann een deemno op spilleresch Manéier d'groussherzoglech Famill méi genee kenneléieren, souguer der Grande-Duchesse hire klenge Mupp Toffee gëtt virgestallt. A wann een op där Rees gutt opgepasst huet, kënnen déi Kleng hiert Wëssen och nach an engem Quiz testen.