2019 huet d'Fabiola Puga d'Luxembourg Fashion Week an d'Liewe geruff an organiséiert d'Evenement zanterhier all Joer op enger anerer Plaz am Land.

Dëst Joer ass de Choix op den "Hall O" zu Déifferdeng gefall. Hei weisen e Samschdeg den Owend dann 10 Designer hir nei Kollektiounen. Ënnert hinne sinn der eng Partie, déi all Joer dobäi sinn, respektiv ëmmer erëm zeréckkommen. Fir anerer ass dës 5. Editioun eng grouss Première, esou dann och fir de Yanis Miltgen.

Schonn als Kand huet den 22 Joer jonken Designer sech fir Mound interesséiert. Mat 15 huet hien dunn de Choix getraff, dës Passioun zu engem Beruff ze maachen. 5 Joer méi spéit ass dëse Plang méi konkret ginn, wéi hien eng Rees organiséiert huet, fir verschidde Broderie-Techniken aus aller Welt ze léieren, an och zu Paräis Moud ze studéieren. Wéinst sengem Parcours consideréiert hie sech och éischter als Textildesigner a weist seng Kreatiounen normalerweis éischter a Konschtgalerien, wou se als Skulpture verkaf ginn. Dëse Samschdeg si 6 vu senge Kreatiounen dann awer um "Catwalk" am "Hall O" ze gesinn.

Méi Informatiounen zur Luxembourg Fashion Week fënnt een hei.