Wie sinn d'Gewënner vun de Luxembourg Nightlife Awards 2023?
Déi beschte Baren, Clubs, Evenementer - awer och hir Mataarbechter goufen entweder vun der Jury oder vum Public ausgezeechent.
Zu Hollerech am ChouChou war d'Award Night dëst Joer, bei där ronn 1.000 Leit mat dobäi waren.
D'Jury huet d'Awards an de Kategorien "Best New Place" (BAC), "Best Wine Bar" (Pas Sage), "Best Pub" (Scott's Pub), "Best Bar & Food" (Bellamy), "Best Bar Clubbing" (Go Ten), "Best Cocktail Bar" (Bar:Bar), "Best Bar Out of Town" (Drupi's), "Best Bar After-Work" (Urban City), "Best Barmaid" (Mathilde - Bubblies), "Best Barman" (Ayrton - Le 18) a "Jury Coup de Coeur" (The Alchemist - Liquid Bar - DJ Nosi) verdeelt.
De Public konnt online hir Favoritte bestëmmen. Ganzer 28.000 Votte koumen iwwer RTL.lu zesummen. D'Leit konnten ofstëmmen iwwer d'Kategorien "Best DJ Generalist" (DJ Chu), "Best DJ Urban" (DJ Bisi), "Best DJ EDM" (DJ SAV), "Best Bar Out of Town" (Urban Belval), "Best Bartender" (Mohamed - Casino 2000), "Best Event" (LOA) a "Best Club" (Melusina).