E Mëttwoch ass de Weltdag vun de Meedercher. An deem Kader gouf den Taux vun de Gebuerte bei méi jonke Fraen nach emol gekuckt. An do gëtt et e Changement.

Weltwäit ginn nees manner jonk Frae Mamm. Och bei eisen däitschen Nopere geet d'Zuel vun den Teenager-Gebuerten däitlech erof, wéi d'Statistische Bundesamt zu Wiesbaden en Dënschdeg, am Kader vum Weltdag vun de Meedercher ee Mëttwoch, matgedeelt huet.

2022 goufen an Däitschland deemno duerchschnëttlech sechs Kanner op 1.000 jonk Fraen am Alter tëscht 15 a 19 Joer gebuer. Am Joer 2000 waren et 13 Kanner. An anere Wierder ass d'Zuel vun de Kanner vun Teenager-Mamme vun 29.140 op 10.999 erofgaangen.

Och weltwäit geet dës Zuel erof, wéi aus der Statistik ervirgeet. Am Joer 2000 goufen am globalen Duerchschnëtt 64 Kanner op 1.000 jonk Fraen tëscht 15 an 19 Joer gebuer, 2021 waren et mat 42 Neigebuerener ronn en Drëttel manner. Hei gëtt op d'Zuele vun de Vereenten Natioune verwisen. Fir 2022 leien nach keng Donnéeë vir. D'Zuel vun de Neigebuerte bei Teenager ass deemno vun 18,1 Milliounen am Joer 2000 op 12,8 Milliounen am Joer 2021 erofgaangen.

De Statistiken no ginn et awer och regional Ënnerscheeder bei den Teenager-Gebuerten. Déi meescht Gebuerte bei jonke Mamme gouf et 2021 an Zentralafrika. Op 1.000 jonk Frae koumen am Ganzen 119 Neigebuerener, hannendru kënnt nach Westafrika mat 104 Neigebuerenen - am Verglach, a Westeuropa koumen op 1.00 Fraen nëmme siwe Kanner op d'Welt.