Aacht Kilo schwéier
Déif bezilt Geldstrof bal komplett a Mënz zeréck

Fir seng 800 Euro Strof ze bezuelen, huet en Onéierlechen aus Baden-Württemberg op eng ganz speziell Manéier zeréckgegraff.
De Mann gouf vun der Police op der däitscher A5 bei Hartheim kontrolléiert an dobäi ass opgefall, datt hien nach oppe Strofen hat, well hie Saache geklaut hat.
Déi leschten Nuecht hunn de Mann a seng Fra d'Strof dunn op eng aussergewéinlech Aart a Weis bezuelt: mat ganz vill Mënz, déi am ganze ronn 8 Kilo schwéier waren. Wisou si dat gemaach hunn, weess d'Police net. Ma well d'Strof bezuelt gouf, konnte béid hir Rees weiderféieren.
Am meeschte gelies