Enn September goung déi 2. Editioun vun der Campagne "Dreamjobs Ambassadors" op een Enn.

D'Horesca zesumme mat der Chambre de Commerce an dem Wirtschaftsministère wëllen domadder d'Beruffer an der Hotellerie valoriséieren an och promouvéieren.

Gläich dräi Gewënner gouf et. Zwee an der Kategorie Restauratioun, an een an der Kategorie Bar/Serveur. Mir sinn ee vun de Gewënner, de Raphaël Betti, besiche gaangen, fir erauszefannen, firwat sech de Jury fir hien entscheet huet, waren awer och nofroen bei d'Horesca, firwat ëmmer manner Jonker sech fir esou e Beruff entscheeden.