Wann ee vu Mickey Maus, Prinzessinnen oder engem Schlass schwätzt, wëssen déi meescht direkt wat gemengt ass. Et geet ëm Disney.

U wat denkt Dir bei Disney?

Fir vill Leit ass et e Stéck Kandheet, anerer ginn och haut nach all Film an de Kino kucken oder maachen heiansdo en Ausfluch an den Disneyland. Ma dohannert stécht ee Mann: De Walt Disney. Schon an de 1920er Joren huet hie kuerz Reklammen an Animatiounsvideoe produzéiert. Am Joer 1923 grënnt hien zu Hollywood mat sengem Bruder Roy O. Disney d'Walt Disney Company. Fënnef Joer méi spéit gouf d'Mickey Maus an d'Liewe geruff an hat am Cartoon Steamboat Willie säin éischten Optrëtt.

Steamboat Willie

Déi Joren duerno huet de Walt Disney den Zeechentrickfilm ëmmer weider entwéckelt. Faarf an Toun sinn dobäi komm. Am Joer 1937 koum dunn den Zeechentrickfilm Schneewittchen an déi 7 Zwergen eraus. Heimat war e grousse Schratt gemaach an de Film gëllt dem American Film Institute no bis haut zu den 100 beschten US-Filmer.

Kuerz drop koume Filmer wéi Pinocchio, Bambi a Cinderella eraus. De Succès vun Disney gëtt ëmmer méi grouss. Am Joer 1955 ass dunn den éischten Disneyland opgaangen, wat fir de Walt Disney d'Erfëllung vun engem Liewensdram war.

Ronn 10 Joer méi spéit ass de Walt Disney verstuerwen, Disney huet awer weidergelieft a feiert dëst Joer säin 100. Gebuertsdag.

"Seit 100 Jahren ist unsere Leidenschaft Geschichten zu erzählen, von einer Generation zur nächsten. Die schönsten Geschichten bleiben für immer. Durch Euch wurde dieser Traum wahr", schreift Disney op hirer Säit.

Haut gehéiert zu Disney net nëmme méi d'Mickey Maus mat senge Kolleegen Donald a Goofy. Elo gehéiert ënnert anerem Pixar, Marvel Studios, Lucasfilm an 20th Century Studios zu der Walt Disney Company. Nieft Themeparken, Hoteller, an enger eegener Croisière ëmfaasst Disney och eng Musekssektioun, Tëleeschaîne wéi ESPN a National Geographic, a natierlech Streamingdéngschter wéi Hulu an Disney+.

Disney 100

An och an Zukunft kann ee sech iwwer weider Disney-Filmer freeën. Ënner anerem kënnt eng Schneewittche Realverfilmung mam Rachel Zegler an der Haaptroll. Fir d'Dréibuch war d'Greta Gerwig verantwortlech.

Da kënnt och en neie "König der Löwen". Hei geet et ëm d‘Virgeschicht vum Muafasa als Weesekand. An erzielt gëtt dat ganzt vum Timon a Pumbaa.

Da sinn och eng Hellewull Marvel Filmer geplangt: Deadpool 3, Blade, Thunderbolts, Capatin America: New World Order an dëst Joer nach feiert d‘Brie Larson hire Retour als Carol Danvers, respektiv Captain Marvel am Film „The Marvels“.