Am Live Planet People geet et e Freideg ëm Ausgesater, Tennis an eng Supermilf.

De Raoul an d'Jackie ware vun Ufank un am Senegal en Dreamteam, fir datt et um Enn awer net duergoung, dofir hunn de Loïc an de Maurizio sech als Team Giel um Enn bei 'Ausgesat' duerchgesat. D''Rees ouni Plang' hu si ouni Internet, mat limitéiertem Budget a bei batterer Hëtzt missten iwwer sech ergoeloossen, an iwwerall wou se waren, hunn d'Challengë wichteg Punkte bruecht. Mol waren d'Aufgabe méi sportlech, där mat Iessen oder wou Grips gefrot war. Et war d'Vakanz vun hirem Liewen, 4.000km vun doheem, ouni dass se gemittlech déi schéi Géigend genéisse konnten.

RTL

Nach bis e Sonndeg leeft an der Coque déi zweet Editioun vun de 'Luxembourg Ladies Tennis Masters'. D'Crème de la Crème gëtt sech hei Rendez-vous an nieft dem sportlechen Deel, wou e puer vun de beschten internationalen Tennisspillerinnen aus de leschte Jore sech matenaner moossen, gëtt et och nach e flotte Kaderprogramm.

Am Amphitheater vun der Coque war um 15.30 Auer de 'Let's talk', wou iwwer Sport, Sponsoring a Gläichberechtegung geschwat gouf. Ënner hinnen och déi fréier Nummer 9 op der Welt, Andrea Petkovic.

RTL

Nieft dem Acteur Tommy Schlesser, dem Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Maurice Bauer war och déi däitsch Ikon aus der Publicitéitswelt, Verona Pooth, bei der Table ronde derbäi. Bekannt duerch Sendunge wéi 'Peep' oder als Reporterin bei Formel-1-Iwwerdroungen um däitschen RTL huet se hir Fans dës Woch mat engem neie Buch iwwerrascht, 'Die SUPERMILF'.

RTL