Als Kand huet d'Christina Helmling schonn de Poppen d'Hoer geschnidden, mat 15 huet si eng Formatioun als Coiffeuse gemaach an entretemps schafft si 22 Joer am Metier. Den Highlight an der Karriär war awer elo am September, wou si zu New York op der Fashion Week eng opreegend Zäit verbruecht huet. Bei véier Fashionshowen a 35 Grad am Schiet huet si fir d'Designer Cucculeli Shaheen, Ashlyn So, Tiffany Brown an Falguni Shane Peacock de Model d'Hoer gemaach an huet och mam Matthew Curts zesumme geschafft, dee Stare wéi d'Victoria Beckham friséiert.
www.kameidi.lu

Als Influencerin presentéiert d'Melody Funck meeschtens laang Oweskleeder an elo huet si déi éischt Show animéiert. "Qui sera le dernier" war e Spill, wou 100 Kandidate sech bei verschiddene Competitioune matenaner gemooss hunn an dee Beschten um Enn 1.000 Euro Cash krut. An der Coronazäit ass d'Melody op de soziale Medien aktiv ginn an huet aktuell 800.000 Follower op TikTok, 200.000 op Instagram an 100.000 op YouTube. Rezent war d'Melody 10 Deeg am Kosovo fir Designer ze begéinen a freet sech op nach méi grouss a verréckt Projeten an den nächste Méint.