Emol en Hit fir Chrëschtdag gelant an d'Museker a Produzente verdénge Joer fir Joer domadder.

D’Lidder ginn nämlech ëmmer erëm souwuel op Radiostatioune gespillt wéi och och Streaming-Plattforme gelauschtert. Bis haut ass d’Lidd "All I Want For Christmas" vum Mariah Carey aus dem Joer 1994 eng 1,55 Milliarde Mol op Spotify gestreamt ginn. D’Sängerin verdéngt all Joer ongeféier eng hallef Millioun Euro just mat dësem Lidd.

"Last Christmas" vu Wham! begeeschtert déi eng Leit méi wéi anerer. Bis zu sengem Doud huet de George Michael an d’Ekipp ronderëm eleng un dem Lidd 255 Milliounen Euro verdéngt. Haut gëtt de Wäert vum Lidd op 20 Milliounen Euro geschat. Dat lescht Joer huet eng Koppel aus Schweden eng Aktioun gestart, mat där se et a verschidde Medie weltwäit gepackt huet. Si probéiere Suen ze sammele fir d’Rechter vum Lidd "Last christmas" ze kafen, sou dass et ni méi kéint gespillt ginn.

Natierlech ginn et net just dës zwee Lidder, mä Joer fir Joer brénge bekannte Museker Lidder fir Chrëschtdag eraus. D’lescht Joer huet den Ed Sheeran zesumme mam Elton John probéiert, mat "Merry christmas" en Hit ze landen an dëst Joer huet viru puer Wochen OneRepublic hiert Lidd "Dear Santa" erausbruecht. Wann een ufänkt mat sichen, da fënnt een, dass vu Coldplay iwwer Gwen Stefani hin zu Justin Bieber scho ganz vill probéiert hunn, och am Chrëschtlidder-Business matzemëschen.

De Jules Serrig – Head of music vun RTL Lëtzebuerg seet dozou: "All Joer komme Chrëschtlidder eraus, mä déi ginn awer e bëssen ënner. 'Last Christmas' ass an den Achtzeger erauskomm. Esou en Iwwer-Hit. Dat ass och ënner anerem 'All I Want For Christmas', dat an den Nonzeger erauskomm ass. Bis esou e Lidd sech duerchsetzt, dat dauert ëmmer laang. Wat oft erauskënnt, si bekannte Kënschtler, déi Klassiker sangen aus de 50er aus de 60er, an hirer Versioun. Et sinn der vill, déi probéieren, mä d’Lidder gi bëssen ënner, well et näischt aussergewéinlech ass."

Éischt Chrëschtlidd op RTL

Dës Woch hat Dir d'Méiglechkeet iwwer RTL.lu matzebestëmmen, wéi eent dat éischt Chrëschtlidd sollt sinn, wat dës Saison um Radio leeft. E Freideg um 6.50 war et dann ebe "Last Christmas" vu Wham!, datt am RTL Wecker gespillt gouf an domadder och d'Chrëschtdaagsmuseksaison op RTL agelaut huet.

Ronn 500 Proposen haten d'RTL-User erageschéckt an déi 10 Lidder, déi am heefegste gefrot goufen, konnte sech dono enger Ofstëmmung stellen. Ganzer 2.250 Mol gouf hei mat ofgestëmmt a bal een Drëttel vun de Stëmme waren ebe fir "Last Christmas" als Optaktslidd fir d'Chrëschtdagssaison um Radio héieren. Op d'Plaz 2 koum "Driving Home for Christmas" vum Chris Rea mat 14 Prozent an all 10. wollt dem José Feliciano säi "Feliz Navidad" héieren. D'Mariah Carey krut fir säin "All I Want For Christmas" 8 Prozent a lant domadder op der fënnefter Plaz.

Och wann nëmmen ee Lidd aus eiser Ëmfro dat éischt Chrëchtdagslidd war, wat um Radio gespillt gouf, esou wäert een awer an den nächste Woche bestëmmt och dat eent oder anert Lidd aus eiser Ofstëmmung do héieren. Hei dann nach eng Kéier den Iwwerbléck vun deenen 10 Lidder, déi et an d'Ofstëmmung gepackt haten