Zesumme mat hire Kanner George, Charlotte a Louis huet d'Koppel hir traditionell Chrëschtdagskaart elo verëffentlecht.

Et waren turbulent Méint fir dat brittescht Kinnekshaus nom Doud vun der laangjäreger Monarchin Elisabeth an de Feierlechkeeten ëm d'Kréinung vum King Charles. Dat alles huet och fir de méigleche Successeur vum neie Kinnek, sengem eelste Bouf William, vill Verännerunge matsechbruecht. De Prince of Wales ass nämlech mat der ganzer Famill vum Kensington Palace op Windsor geplënnert. Mat der neier Kaart wëll een dann och elo weisen, datt Berkshire dat neit Doheem vun der Famill ginn ass.

Dëst Joer huet d'Famill sech fir eng méi schlicht Versioun entscheet: Neutralen Hannergrond a jiddereen an engem wäissen Hiem respektiv enger wäisser Bluse an dobäi eng méi oder wéineger donkel Box oder Jeans. Dat leschte Joer hat sech d'Famill nach vill méi Faarweg an engem Park fotograféiere gelooss.

No der Publikatioun gouf vill iwwert déi nei Foto diskutéiert. Vill Leit hunn de Mëttelfanger vum Prënz Louis vermësst an da waren der och der Meenung, datt eent vu senge Been géing komesch ausgesinn. Ob et hei wierklech eng Photoshop-Pann gouf, ass net gewosst. Dat brittescht Kinnekshaus huet keen offiziellt Statement gemaach.