Wéi gesäit dem Lëtzebuerger Resident seng perfekt Vakanz aus, dat wollt de Statec an engem Sondage iwwer den Tourismus am Joer 2022 wëssen.

An do huet sech eppes ganz kloer erauskristalliséiert, dass de Resident hei am Land am léifste gemittlech op der Plage läit, vum gudde Wieder profitéiert an dobäi nach eppes Guddes ësst an drénkt. A si mer mol éierlech, wiem géif dat net gefalen?

D'Enquête op véier Sproochen (LU, FR, DE an EN) huet kloer gewisen, wat de Leit wichteg ass: Sonn. Dono ginn d'Meenungen auserneen, deemno op wéi eng Sprooch geäntwert gouf.

Beim franséische Sondage kënnt d'Entspanen an dat um Mier op Plaz 2, bei de Lëtzebuergeschsproochegen ass gutt Iessen dogéint méi wichteg an op Plaz 2 vun der idealer Vakanz. Gutt Wieder spillt bei béide Sprooche keng onwesentlech Roll.

Anescht gesäit et aus, bei deenen, déi d'Ëmfro op däitsch beäntwert hunn. Dës Leit gi léiwer gutt Iessen an dat am allerléifste beim Mier. Am Sondage leien dës Krittäre quasi gläich, hannendru kënnt Rou a Plage. Am engleschsproochege Sondage geet ervir, dass deene Leit d'Rou am wichtegste sinn, wäit viru guddem Iessen (Plaz 6).

RTL

A wat maachen d'Residenten, wann d'Wieder schlecht ass?

Reenen, dat mécht et an der lescht jo nawell méi. Fir deen, dee säi Congé am léifsten an der Sonn verbréngt, mécht dat d'Situatioun nawell méi schwiereg. Et ass ee jo och net nonstop an der Vakanz op der Plage...

Hei huet sech gewisen, dass bei der Famill sinn, wichteg ass, souwéi den Horizont erweideren. Et gesäit een dann awer och Tendenzen, déi net onbedéngt op just Vakanz um Mier hindeiten. An deem Kader fënnt een d'Stéchwierder Shopping, Spaass hunn, sech deconnectéieren, Wantersport, trëppele goen an nach seng Fräiheet hunn. Et stellt een also fest, dass dem Lëtzebuerger Resident net just wichteg ass, wou hie Vakanz mécht, d'Ambiance, d'Aktivitéiten an de perfekte Reespartner gehéiere genee sou zu enger idealer Vakanz. Doraus resultéiert dann och, dass keng konkret Liblingsplaze genannt goufen, och wa méi dacks Frankräich, Italien, Spuenien a Portugal als léifsten Destinatioun genannt goufen.

D'Akommes vun enger Famill spillt bei der Vakanz eng Roll.

Déi Famillje mat engem schwaache Revenue setzen den Accent beim Choix vun der Vakanz méi drop, Zäit mat der Famill ze verbréngen. Deene Leit, déi finanziell besser dru sinn, stinn Entdeckungsreesen an der Natur oder op kulturellem Niveau méi am Vierdergrond, an déi Auszäit hu se dann och am léifsten an engem Hotel.

Hei mécht et dann nach den Ënnerscheed, ob een dat eleng mécht oder mat aneren. Pensionären hunn hei den Accent op Natur a Kultur oder Vakanz am Hotel an de Bierger geluecht. Famillje gi léiwer schwammen, sinn an der Natur, dat ouni Stress mat awer genuch Ofwiesslung a fir de Single-Resident ass Party maachen, Sport, Kultur souwéi an der Natur sinn am Wichtegsten.