E Méindeg waren de Grand-Duc a seng Fra op Besuch zu Esch, fir ee méi spezielle Rendez-vous verbonne mat och e puer Emotiounen.

A Presenz vum Chamberpresident Claude Wiseler, dem Escher Buergermeeschter Christian Weis an dem Familljeminister Max Hahn gouf dat neit Fleegeheem Elysis ageweit. Fir d'éischt krute si all d'Installatioune gewise mat den neisten Innovatiounen, wéi zum Beispill den Espace kinésithérapie, ergothérapie a bien-être. An deem Sënn huet déi groussherzoglech Koppel dann och direkt selwer getest, wéi bequeem déi nei gehëtzte Sëtzer fir medezinesch Zwecker sinn. Ugekuckt gouf sech awer och den therapeutesche Gaart fir Patiente mat spezielle Besoinen.

Dono goung d'Visitt weider am Gebai, wou de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse en häerzlechen Ëmfang bei den eelere Residenten an hire Familljen haten. Zum Schluss war dann nach eng Receptioun mat ronn 200 Leit.

D'Maison de soins Elysis organiséiert och eng Porte ouverte e Samschdeg 15. Juni vun 10 bis 17 Auer.