Nei 100% alkoholfräi Pop-up-Bar an der Stad
Den Trend vun alkoholfräiem Gedrénks ass an de leschte Jore an d'Luucht gaangen, sou gëtt et an der Stad antëscht souguer eng alkoholfräi Cocktail-Bar.
"Muum", esou heescht dës Bar am Garer Quartier. De Raphael Betti huet hei fir 6 Méint seng alkoholfräi Pop-up-Bar opgemaach. Wéi hie virun 1 Joer d’Ouverture vu senger Cocktail-Bar, mat Gedrénks mat Alkohol, am Pafendall hat, huet hie séier gemierkt, datt d’Demande no alkoholfräiem Gedrénks och do ass. Tëscht 10 an 13 Euro muss ee fir sou e Mocktail bezuelen. Hannert sou engem Drink géing vill Aarbecht stiechen. Et wéilt een net einfach Goûte vu bekannte Cocktailen imitéieren. Nom Summer leeft de Kontrakt vun der Pop-Up-Bar aus, da wéilt een eng nei Locatioun, respektiv d’Iddi eventméisseg viru liewe loossen.
Datt alkoholfräit Gedrénks zu Lëtzebuerg ëmmer méi gefrot gëtt, huet een och bei Domaines Vinsmoselles festgestallt. Op der Musel huet een elo och Lëtzebuerger wäisse Wäin a Mousseux an der Gamme. Fir den Alkohol aus de Produiten erauszehuelen, bréicht een eng immens opwänneg Technologie an dofir gëtt dës Prozedur am Ausland bei Experte gemaach. Wéilt een dat zu Lëtzebuerg maachen, misst ee Milliounen investéieren an dat géing de momentane Marché net hierginn.
D’WHO huet aktuell eng Campagne lancéiert, fir kloer ze maachen, datt et keng gesondheetlech onbedenklech Quantitéit un Alkohol gëtt. All Drëps wier e potenzielle Risk. D’Direktioun vun der Santé sensibiliséiert an informéiert hei zu Lëtzebuerg iwwert d’Thematik Alkohol. Dem Catherine Tomicic vun der Direction de la Santé no géing een an eiser Gesellschaft och zimmlech séier stigmatiséiert ginn, wann een näischt drénkt. Et misst een dovunner ewechkommen an déi positiv Saache vu "keen Alkohol" consideréieren. Et sollt een net ënnerschätzen, datt Ethanol am Alkohol dran ass an dee kann ënnert anerem zu Kriibs féieren.