Buckingham Palace mécht legendäert Balcon-Zëmmer fir Visitten accessibel
Wéi gewinnt mécht de Buckhingham Palace all Joer am Summer seng Dieren fir d'Touristen op, ma dëst Joer kënnt nach een Highlight dobäi.
Dëst Joer kënnen d'Visiteure sech och dat legendäert Balcon-Zëmmer ukucken. De komplette Ostfligel gëtt deemno vum 15. Juli u zougänglech gemaach. Domat kritt ee vun elo un och een exklusiven Abléck op de berüümte Balcon, op deem d'Royals bei wichtegen Evenementer stinn, dem Vollek ze wénken. Op de Balcon selwer dierf een awer net, dee bleift zou a just der kinneklecher Famill virbehalen.
Zanter 1851 versammelt sech kinneklech Famill bei festleche Geleeënheeten um Balcon, fir d'lescht de 15. Juni am Kader vun der Gebuertsdagsparad fir de Charles III.
De 15. Juli fänkt deemno d'Besuchssaison am imposante Gebai am Zentrum vun der brittescher Haaptstad un. Ma wie sech elo drop gefreet huet, genee dee Balcon kucken ze goen, dee musse mer op dëser Plaz direkt bremsen: d'Tickete fir dëst Erliefnes ginn et keng méi. Schonn am Abrëll war dat Ganzt bannent e puer Stonne komplett ausverkaaft, bei 75 Pond (88 Euro) pro Entrée. Ronn 6.000 Leit hunn esou een Ticket kritt fir sech den Ostfligel vum Buckhingham Palace unzekucken, deen tëscht 1847 an 1849 gebaut gouf.