Futtball-Championnat: BGL LigueWalfer iwwerrennt Etzella am Opsteigerduell, Munneref weider ouni Punkteverloscht

Jeff Birsens
Den Opsteiger Walfer huet den aneren Opsteiger vun Ettelbréck mat 5:0 ofgeschoss an d'US Munneref dréint de Match géint Nidderkuer a bleift doduerch weider ouni Punkteverloscht.
Etzella Ettelbréck géint Walfer um 5. Spilldag vun der BGL Ligue.
© Steve Beckers

E Sonndeg stoung an der BGL Ligue de 5. Spilldag um Programm.

Am Opsteigerduell huet d'Residence Walfer d'Etzella zu Ettelbréck mat 5:0 iwwerrannt. No de Goler vum Iserentant a Fettahi war et scho mat enger verdéngter Féierung an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet dann en Hattrick vum Patrick Macedo den Deckel drop gemaach an en immens staarken Optrëtt vu Walfer belount.

D'US Munneref huet e Réckstand gedréint a bleift mat enger 2:1-Victoire géint Nidderkuer weider ouni Punkteverloscht an der neier Saison. Am Stade John Grün gouf et eng éischter onspektakulär éischt Hallschent ze gesinn, déi mat 0:0 op en Enn gaange war. No der Paus war dann eng méi lass. An der 49. Minutt huet de Samir Hadjio d'Gäscht per Kappball a Féierung bruecht, ma just zwou Minutten drop war de Progrès duerch en Hands vum Vincent Peugnet an Ënnerzuel. Vu Munneref war trotz engem Mann méi net all ze vill komm, ma no engem Corner, deen den Estrada erakäppe konnt, war d'Partie dann 20 Minutte viru Schluss op eemol nees ausgeglach. d'Munnerefer hunn déi nächst dräi Punkte gericht a sou war et de Chabaan Issaka, deen den decisiven 2:1 an der 90+4. Minutt geschoss huet.

An deene weidere Matcher vum Sonndegmëtteg huet sech d'Jeunesse mat enger 5:2-Victoire géint Rëmeleng déi éischt Punkte vun der Saison geholl, Käerjeng huet Hesper mat 6:0 deklasséiert, fir den F91 Diddeleng gouf et eng 2:1-Victoire géint Wolz an de Racing huet doheem mat Rouspert 2:2 gläich gespillt.

Zanter 18 Auer leeft fir den Ofschloss vum 5. Spilldag nach d'Partie tëscht der UNA Stroossen an dem FC Atert Biissen.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO