Den 29 Joer ale Schwëmmer hëlt eis mat op de Gaalgebierg an den Escher Déierepark.

An der Emissioun Promi-Spot trëfft de Loïc Juchem op de Julien Henx. Sechs Mol war hie scho bei de Spiller vun de klenge Länner mat dobäi a konnt do 21 Mol Gold gewannen. Fir d‘Olympesch Spiller 2024 zu Paräis war et awer net duergaangen. Seng ganz Karriär hätt hien op dëse Moment hi geschafft. Wéi de Sportler bis realiséiert huet, datt dat mat Paräis 2024 näischt géing ginn, huet fir hien eng schwéier Zäit ugefaangen. Besonnesch mental war dat net einfach.

„Lues a lues verdauen ech et, mee ech freeë mech awer och schonn op déi nächst Saison. Sou lues geet et besser.“ 

RTL

D’Grënn wisou et net geklappt huet, wiere vläicht eng ze gesond Ernärung, déi him net déi néideg Energie ginn huet an en anere Problem wier awer gewiescht, datt seng deemoleg Ekipp net an déi selwecht Richtung gezunn hätt wéi hien. Ze mann trainéiert hätt hien awer definitiv net, dobäi kënnt eng exzeptionell Saison a Resultater, déi sech och weise kënnen.

De Julien Henx wëll elo awer no vir kucken a fänkt am September mat engem neien Team bei de Sharks an der Stad un a viséiert och schonn d‘Summerspiller 2028 zu Los Angeles. Et gouf also an de leschte Wochen un engem Neiufank geschafft, mat och engem neien Trainer.

RTL

An der Emissioun Promi-Spot léiere mir de Schwëmmer awer och privat kennen. Virun 2 Joer huet hien ugefaangen, och säi Style e bëssen ze änneren. Faarweg Hoer a gefierften Neel ziele mëttlerweil zu sengem Markenzeechen.

„Et gefält mer och, e bëssen eppes anescht ze sinn, wéi just de Schwëmmer. D‘Neelfierwe gefält mer och an all dräi Woche wiesselen ech den Design.“

Dernieft spillt de Julien Henx zanter 3 Joer och Batterie. Dat ass seng grouss Passioun an heiansdo denkt hien och drun, eng eege Band emol ze hunn. Leider ass dat aus Zäitgrënn momentan net sou méiglech.

„Den Challenge, emol e Concert ze spillen, seet mer och eppes. Eng Course am Schwammen ass mëttlerweil net méi sou extra, mee den Dag, wou ech emol op enger Bün stinn, fir e Lidd ze spillen, do geet mäin Häerz direkt lass.“

Schlussendlech erkennt een de Julien Henx och u sengen Tattooen. Hien ass just op der lénkser Säit tätowéiert an huet do och nach deen een oder anere Projet geplangt. Dem Schwëmmer säi Kierper ass quasi als Gesamtkonzept ze verstoen.

RTL

An der Emissioun Promispot weise bekannt Leit aus Lëtzebuerg eis dëse Summer hir Liblingsplaz a mir profitéieren dovunner, d‘Persounen och besser kennenzeléieren. No der Tatta Tom an dem Julien Henx ass et den nächste Sonndeg un der RTL-Presentatrice Mariette Zenners. D‘Journalistin erzielt eis, wat hiren heemleche Beruffswonsch ëmmer war a mir gi gewuer, datt d‘Mariette Zenners och eng richteg Sportskanoun ass.